Haut den Owend gëtt mat engem Critérium a mat enger Ausstellung um INS, dem Institut National des Sport um Fetschenhaff, un ee vun de ganz groussen Exploiten am Lëtzebuerger Sport geduecht. Haut um 26. Juli sinn et genee 70 Joer hier, datt de Lëtzebuerger Liichtathlet Josy Barthel op den Olympesche Summerspiller am finneschen Helsinki d'Goldmedail sensationell iwwer 1500 Meter gewonnen huet. Et war schonn en historeschen Dag, dee 26. Juli 1952 am Nomëtteg am Olympiastadion zu Helsinki viru 70.000 Spectateuren, eng Sensatioun, un déi kaum ee virdru dru geduecht huet. Favorit fir Gold iwwer 1500 Meter war éischter den Amerikaner Robert MacMillan, mee um Enn ass awer de Leefer vu Mamer als éischten iwwer de wäisse Stréch gelaf. An dräi Minutte 45 Sekonnen an engem Zéngtel gewënnt de Josy Barthel Goldmedail virum Amerikaner, deen e Retard vun enger Zéngtel Sekonn hat. Fir hie blouf d'Sëlwermedail, a Bronze war fir den Däitsche Werner Lueg an dräi Minutte 45 Sekonnen a véier Zéngtel, dräi Medailen, déi bannent dräi Zéngtel Sekonne verdeelt goufen.
arrow_back_ios
Retromania
Josy Barthel: 1952 Helsinki-Goldmedail fir Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min