Dës Kéier geet et ëm e wonnen Hënner, Wierder am Alen Dictionnaire a Konsonanten, déi net gär nieftenee stinn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Iwwer wéi ee Wuert schwätze mer dann haut?
C: Vun de Päerd, déi schären, komme mer lo bei d'Reidersallef.
S: Reidersallef? Dat ass awer ganz speziell!
C: Reidersallef ass e Wuert, wat am LWB steet, am Luxemburger Wörterbuch, dat ass en Dictionnaire a fënnef Bänn, deen erauskomm ass tëscht 1950 an 1977 an am Laf vu menger Recherche sinn ech op dat Wuert gestouss.
Elo muss ech e bëssen erzielen, wat ech am Fong wollt erausfannen a wéi ech da bei där faméiser Sallef gelant sinn. Am Fong hat ech mech do auserneegesat mat weibleche Persounen, déi am Wierderbuch opgelëscht stinn. Dat heescht, ech hu gekuckt, wéi gëtt op Frae referéiert, grad an esou Koppelen wéi Pilot, Pilotin oder Dokter, Doktesch a sou weider. An hei ass et super interessant, well, mer vergiessen net, dat war an de Fofzegerjoren – an d'Aarbechten um LWB waren an den Drësseger- a Véierzegerjoren – dat war eng immens männlech zentréiert Welt. Et war en anert Weltbild. An och am Conseil vum Dictionnaire war och genee eng Fra, an de Rescht waren Hären. An dat weist sech iergendwéi och an deenen eenzelnen Entréeën am Dictionnaire.
S: Wéi mengs de?
C: An do ass mer opgefall, dass ganz vill weiblech Entspriechungen vun Persounebezeechnungen net am Dictionnaire stinn. Dat heescht, ech hunn zum Beispill de Reider, mee ech hunn net d'Reiderin. An ech ginn net dovunner aus, dass et keng Reiderinne gouf zu där Zäit, mee einfach dass dat net wichteg war, fir am Dictionnaire opgeholl ze ginn. Zum Theema Wichtegkeet kënnt awer elo de Witz: Et ass net d'Reiderin dran, mee ech koum der bei d'Wuert Reidersallef. Dat heescht, ech hunn de Reider, dee männlechen, deen dee Päerdssport mécht ,an direkt duerno kënnt Reidersallef.
S: A keng Reiderin?
C: Nee. An dann denken ech mer: Moment, ech sëtze säit drësseg Joer um Päerd, ech hunn nach ni vun der Reidersallef héieren.
S: A wat ass dat dann?
C: Ech huelen un, d'Reidersallef ass eng extra Creme, déi géint d'Wondreiden do ass. Dat heescht, wann een de ganzen Dag am Suedel souz oder wann een och an der Zäit net optimal Boxen unhat fir ze reiden, ne, haut ginn et jo speziell Reitboxen, da kann et sinn, dass ee sech scho mol wond geridden huet oder wann d'ënnescht Box einfach net richteg ulouch an da gouf et eng Reidersallef, déi sech quasi op den Dickes geschmiert huet, fir do net wond ze ginn.
An d'Wuert Salef fannen ech an deem Sënn interessant, well et vum Däitschen “Salbe” kënnt.
S: A jo, dat erkennt ee gutt.
C: An do hu mer am Lëtzebuergeschen eng Tendenz, fir déi Konsonantecluster vun L a B auserneenzezéien. Also mir soen net “eng Salb”, mee mir soen “eng Sallef”. Hei si verschidde Phenomeener, déi beienee kommen. Mir huelen eemol dee Konsonantecluster LB auserneen bei “Salbe” an de B ass am Lëtzebuergesch duerch lautlech Gesetzer en F. Dat selwecht fanne mer och bei “hallef”. Wa mer soen, dat doten ass hallef futti, da wier dat jo am Däitschen “halb kaputt”: aus “halb” gëtt “hallef” an aus “Salbe” hu mer “Sallef”. Do mierkt een, et sinn iergendwéi déi selwecht Wierder, awer mir hu lautlech Phenomeener, duerch déi se anescht ausgesinn.
S: Gëtt et dat och bei anere Wierder?
C: Och bei anere Wierder hu mer dat, wa mer d'Däitscht mam Lëtzebuergesche vergläichen, sou hu mer zum Beispill d'Wuert “Hilfe” ass “Hëllef”. Mir hunn den L an den F auserneegezunn. Dat heescht, mir hunn net “Hëlf”, mee mir hunn “Hëllef”. Oder och bei der Zuel fënnef, déi ass am Däitsche “fünf” an do hu mer den N an den F auserneegezunn, wat am Lëtzebuergeschen do eng Tendenz gëtt, fir déi Konsonanten net beieneen ze loossen an einfach en E dertëscht ze réckelen.
S: A jo, tatsächlech!
C: Et ginn esou systematesch Saachen, déi ee mat ville Beispiller ka weisen. An esou sinn ech vun engem wonnen Hënner op e lautleche Prinzip komm!
S: Da soe mir der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!