E puer Wierder iwwer Wierder
Rüg
4 min
Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert stells de haut vir?
C: Dat Wuert ‘Rüg’ wierkt immens franséisch, also wéi den déluge, vermifuge oder centrifuge, mee mer schreiwen et net wéi am Franséischen, well mer am Franséischen iwwerhaapt kee Virbild dofir hunn.
S: Mir fält och keent an.
C: Dat heescht, dat Wuert existéiert guer net am Franséischen. Dat ass e Wuert, wat mer aus dem Däitschen hunn an him iergendwéi eng franséisch Allure ginn hunn.
S: Wéi seet een dann eng Rüg op Franséisch?
C: Dat géif een am Franséische soen als Réprimande. D'Wuert Rüg ass aus dem Däitschen an zwar vun der Rüge, mittelhochdeutsch ‚rüege’, mer kennen haut och nach d’Verb ‘jemanden rügen’. An mir hunn d’Rüge aus dem Däitschen awer esou gekierzt a lautlech verännert (lescht Silb fält ewech, de plosive ‘g’ gëtt e Reiflaut), dass et um Enn wéi e franséischt Wuert kléngt. Awer mat der Schreifweis kënne mer et net no franséischem Virbild schreiwen, well mer et jo aus dem Däitschen hunn an dofir schreiwe mer et R-Ü-G.
S: Mee do liest ee jo bal ‘Rük’.
C: Dat geet leider net anescht. Kuck, am Singulier gëtt et hanne mat G geschriwwen, well et och am Pluriel e G huet (Rügen). an zwar hu mer och am Däitschen e Virbildwuert mat G. A bei deene Wierder musse mer eis mat der Schreifweis um Däitschen orientéieren.
S: an da schreiwe mer et mat G hannen.
C: Jo, dofir musse mer dann e G schreiwen, mee du hues Recht, theoreetesch kéint een am Singulier Rüg hannen esou schreiwen, wéi een et héiert, mat SCH. Dat ass wéinst der Ennverhäerdung, déi dozou féiert, dass mëll Konsonanten (g) um Enn vum Wuert haart ausgeschwat ginn (sch), also héiere mer e geriwwene ‘g’ wie ‘sch’.
A bei enger ganz phonologescher Schreifweis, wéi een et eeben héiert, misst et da sinn ‘Rüüsch’, mee am Pluriel dann nees ‘Rügen’ mat G, well en do nees wéi e g als mëlle Reiflaut kléngt: g. Dat ass e bësse wéi mam Wuert ‘Garage’. Dat kéint ech am Singulier och hanne schreiwe wéi ‘Aasch’, well et genee d’selwecht kléngt duerch d’Ennverhäerdung. Mee am Pluriel kënnt eng Silb bäi an dann ass et nees mëll. An do wëll een dann eng Schreifweis, déi am beschte Fall am Singulier an am Pluriel dee selwechte Konsonsant benotzt. Woubäi et do och Ausname gëtt.
S: Also elo nach eng Kéier d’Kuerzfaassung mat der Rüg, wgl.!
C: Ganz gär: D'Wuert Rüg kléngt immens Franséisch, mee well mer et vum Däitschen Rüge hunn, schreiwe mer et R-ü-g. Et kënnt keen E hannen, well soss kléngt et sou, wéi wa mer zwou Silbe misste liesen, wéi am Däitschen, wéi Rüge. Mir soen awer Rüg an da maache mer hanne keen E a schreiwen et och mat Ü.
S: Ok, verstan! Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
Presentéiert vum
- Simon Larosche
Episoden
Veterinär
Et geet dës Kéier ëm al Déieren an den Ursprong vum Wuert Veterinär.
Rüg
Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.
Nonfoutisme
Et geet ëm Leit, déi näischt foutéieren a franséisch Wierder, déi eigentlech just nogebaut sinn.
Kompost
Dës Kéier geet et ëm Linguistik, Uebst a Kompost.
Aasch
Et geet ëm deen Allerwäertesten.
random
Et geet dës Kéier ëm random Froen, Musekslëschten an och d'Siri
Labello
Ee vu ville Beispiller, bei deenen de Markennumm benotzt gëtt fir e Produit ze beschreiwen.
Batti
An et geet ëm Ausdréck wéi Tutebatti oder Schnësskättien
net
Dës Kéier geet et ëm d'Negatioun an ëm e Phenomeen, dat Skopus heescht.
Shampooing
Dir gitt ënner anerem gewuer, wat den No-Poo-Trend ass.
Schantjen
An dëser Episod geet et ëm de Schantjen an d’Chrëschtkëndchen, a firwat dat eent souzesoen eng falsch Verklengerungsform ass.
Joffer
An dëser Episod geet et ëm Jofferen, Jongfraen a Weltbiller aus de 50er-Joren
Landkaart
Et geet ëm Päiperleken, Betounungen a Flilleken.
Goût
Et geet ëm Inselen, Reformen a franséisch Hittercher
Zäitchen
An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi just esou maachen, wéi wa se kleng a léif wieren.
Luxemburgistik
Wat steet eigentlech hanner de Wierder mat -istik, a wéi si si an der Luxemburgistik gelant?
Uhrzeigersënn
Haut dréit sech alles ëm den Uhrzeigersënn a Wierder, déi mer aus anere Sproochen iwwerhuelen
Witzbold
Haut geet et ëm d'Fro, wien eigentlech de '-bold' am 'Witzbold' ass
Witz
Dir kennt bestëmmt deen een oder anere Witz, meewësst Der och, wouhier d'Wuer 'Witz' kënnt?
Dosen
Wouhier kënnt dat Wuert? Et geet op eng Rees duerch verschidden europäesch Sproochen.
- 1
- 2