arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Päerdsbier

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.



S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Moie Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wat ass haut eist Wiwi-Wuert?

C: Lescht Woch hate mer driwwer geschwat, dass mer fir Planze-Bezeechnungen am Lëtzebuergeschen heiansdo ganz onprezis Wierder hunn, an deem Sënn, dass mer eng Bezeechnung hunn, déi vläicht ganz ondäitlech ass. Also mir haten do iwwert Grasblumm geschwat, wat jo relativ vill ka sinn, well vill Blummen am Gras wuessen. Haut kucke mer eis eng aner Planz un a versichen hiert Benennungsmotiv ze verstoen.

Mir schwätzen haut iwwer Päerdsbier. Kenns de, gell?

S: _________

C: Also an eisen Nopessproochen huet dat näischt mat Päerd ze dinn. Kucke mer emol an deenen anere Sproochen, do hu mer am Däitschen Brombeere, mir hunn am Franséischen mûre an mir hunn am Engleschen blackberry. Blackberry ass e relativ transparent Benennungsmuster, wat mer och am Lëtzebuergesche kennen, well effektiv gëtt et och Leit, déi fir Päerdsbier Schwaarzbier soen an hei komme mer schonn an den Iwwerschneidungsberäich mam Englesche Blackberry.

S: Awer wat ass Brom a Brombeere?

C: Brom ass näischt anescht wéi dat alhéichdäitscht Wuert brāmo oder brāma fir ‘Dornstrauch’ (8. Jh.), also eng Heck mat Dären. Dat heescht de Wuertdeel Bram-, Brame, Brom- heescht am Fong sou vill wéi Heck mat Dären an dofir hu mer eng Bier, déi an enger pickeger Heck wiisst an dofir Brombeere. Et gëtt och am Engleschen déi regional Form ‘bramble’ amplaz ‘blackberry’, do stécht och bram- dran. Kenns de dat?

S: ______

C: An deem Kontext hunn ech fonnt, dass een am Däitschen och Schwaarzbeere ka soen, oder Kratzbeere. An Kratzbeere huet natierlech näischt mat der Fruucht ze dinn, mee mat deem Strauch, an deem se wiisst. Et war also wichteg, dat Däregt ervirzehiewen.

S: Wéi komme mer awer lo bei d' Päerd vu Päerdsbier?

C: D’Quellen hu mer net vill verroden. Ech hunn dofir e Botaniker gefrot, anscheinend deen Expert fir Päerdsbier zu Lëtzebuerg, dofir e schéine Bonjour geet eraus un den Thierry Helminger, bei deem ech dëst Joer Schülerin am Planzebestëmmungscours war. An hien hat ech gefrot, wat senger Meenung no d'Benennungsmotiv kéint si vum Päerdsbier. An do huet en fir d'éischt gelaacht, well en net mat där Fro gerechent hat. Hien huet fir sech iwwerluet, dass se Päerdsbier heescht, well déi kleng schwaarz Bieren esou uneneekludderen, wéi Päerdsäppel.

S: Wierklech?

C: Also et ass emol keng sou schlecht Hypothees. Ech hat nach versicht, aner Erklärungen ze fannen a sinn dunn an den Déifte vum Internet verluer gaangen, ech war op Schamanesäiten, ech waren op Hexesäiten, wou et drëm geet, dass fréier Päerd duerch Päerdsbierhecke geschéckt goufen, fir se vun iergendwelleche Krankheeten ze befreien. An aner Ritualer, bei deenen dem Päerdsbier bestëmmt Eegenschaften zougeschriwwe goufen.

S: A soss keng passend Erklärungen?

C: Ech muss ganz éierlech sinn, et war lo näischt, wat ech schlussendlech kläre konnt. Duerfir kënne mer lo weider iwwerleeën, vläicht heescht se och Päerdsbier, well Leit oft beobacht hunn, dass Päerd aus de Päerdsbierhecken iessen, wat och guer net esou onwahrscheinlech ass. An dofir kann et sinn, dass se dofir Päerdsbier heeschen oder mir bleiwe bei dem Verglach vum Thierry mat de Päerdsäppel.

An dann nach eppes aus dem Mëttelalter. An zwar hu mer jo den Tristan an d' Isolde an anscheinend wiere ronderëm hir Griewer Päerdsbierstraicher gewuess.

S: An dat heescht?

C: Et ass e weidere Fun fact, deen ech aus dem Internet ausgegruewen hunn. An och, dass de Richard Wagner dat soughuer mat an d’Oper opgeholl huet.

Wat dat lo bedeit, iwwerloossen ech Iech doheem. Hei ass et warscheinlech just drëm gaangen, dass eppes Staarkes, Schéines a gläichzäiteg Pickeges do erauswiisst. Wat awer och interessant ass, ass am alen Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen – do hu mer erëm en onprezise Planzennumm resp. eng Iwwerschneidung: An zwar steet do, dass op verschiddene Plazen am Land och Päerdsbier a Molbier synonym benotzt gëtt. Dat heescht, dass d'Molbier och op verschiddene Plaze Päerdsbier genannt gëtt.

S: Mee Molbier ass dach Heidelbeere, also blueberry an net blackberry?

C: Jo, genee, do gesäis de, wéi Nimm net ëmmer ganz eendeiteg zougewise ginn!

S: An domat si mer schonn um Enn fir haut, merci, Caroline, fir deng Erklärungen a mir héieren eis an enger Woch erëm!

C: Merci och an d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow

Geeschter-"r"

Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbier

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.
headphones

6 min

play_arrow

Neelcheskapp

Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
headphones

7 min

play_arrow