Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mer kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Effektiv krut ech de Message fir d'Wuert vun haut. An zwar hate mer am Dezember jo eng Episod iwwer d'Haupeschbléiser an do gouf ech gefrot, ob dat och mam léiwen Ausdrock 'Haupi' ze dinn hätt
C: A jo, flott!
S: Woubäi ech perséinlech éischter déi Form Häipi kennen: Wat ass dat en Häipi!
C: Jo, dat kennen ech och, den Häipi.
S: Déi Nolauschterin hat gefrot: "An dësem Kontext ass mir agefall, dass an eiser Famill oft den Ausdrock "wat ass dat en Haupi (oder och nach Haupert) gebraucht gëtt, fir eng bëssi eefälteg oder dëlpeszeg Persoun ze beschreiwwen."
C: Ok, an elo wollt se wëssen, wat deen Ausdrock mam "Haupert"/ St. Hubert ze dinn huet. Déi kuerz Äntwert ass: Et ass net wäit ewech vun engem Batti oder engem Kätti, oder engem Horst oder engem Nicki. Do huet een einfach Nimm, déi da stellvertriedend si fir Leit mat engem Verhalen, wat opfält: dass se besonnesch tollpatscheg sinn oder vill schnëssen - an dat muss och net béis gemengt sinn. D'Leit schwätzen einfach gären iwwer Persounen, déi hinnen opfalen a benotzen dofir Nimm, déi bei Persoune virkommen. An da soen se net, dat ass esou ee klengen Trëllert, mee se soen, dat ass esou ee klengen Häipi.
S: Ech fannen och, dass dat scho bal eng léif Insulte ass, wann een dat sou kann nennen.
C: Jo, absolut. Wéi ëmmer si mer zu Lëtzebuerg net eleng domat, am Rhein. WB gëtt et och den Haup oder den Houp, do soen se sou fir e "Flappes, halbnärrischer Mensch, lustiger Witzbruder". Dat si jo lo och keng Eegeschaften, déi besonnesch schlecht oder verwerflech sinn. An am LB Dictionnaire vun 1847 stinn och scho Kuerzforme vum Hubert dran: den Heipé (Abkürzung von Hubert), och mam Verweis op Holl. Huip.
A wa mer weider an d'Virnimm eraklammen, do gëtt et nach méi Variante fir den Hubert. Do gëtt et eng Extra-Serie "Eis Virnimm", aus dem Joer 1995 vum Marcel Lamy an erausgi vun der Actioun Lëtzebuergesch.
S: Dat ass bestëmmt eng intressant Source!
C: Jo, do fënnt een allerlee LB Kuerzformen, grad vun de franséischen Nimm. An do sti fir den Hubert déi follgend Varianten dran: Haupert, Hibbi, Hipp(i), Häip(chen), Häipi, Häipert, Häp, Heep, Hëppchen, Hoppert, Hubbes, Hupp(es), Huppert, Bäert, Bäert(em)es.
S: Do sinn se all dobäi! Den Haupert an den Häipi!
C: Jo, dofir gëtt et och beim Audrock Variatioun, well d'Leit einfach eng Persoun aus där Nummkategorie wielen: Häipi, Haupi. Den -i hanne mécht et jo souzesoe méi frëndlech.
Mee bei der Häip, do hat ech nach en anert intressant Wuert fonnt am LWB, am Dictionnaire aus den 1950er Joren. Do steet d'Häip fir e klengt Haischen, oder e "Bienenkorb" - parallel zum engleschen 'hive'. An och intressant am Sënn vun «armseliger Mensch» - besonders «armselige Alte» (eng al Häip).
S: Eng al Häip?
C: Jo, dat kennt ee jo och aus dem Däitschen, dass Persounen oder hei Frae mat banalen Objete verglach ginn: eine alte Schachtel. Mee déi al Häip huet dann näischt mam Hubert ze dinn, mee mat der Haube oder Hütte. Ech hat et just spannend fonnt, well ech bei der Recherche un d'Liese komm sinn.
S: E Rabbit hole.
C: Jo, dat berüümtent. A propos Haupeschbléiser, do steet am Dictionnaire vun 1906 och "d'Hāūpeschbreⁱtchen n., gesegnetes Brötchen zum Schutz gegen tolle Hunde". Wat huet een net alles geseent zu Lëtzebuerg!
S: Tolle Hunde? Mat Tollwut, oder wéi?
C: Jo, dat ass eng historesch Bezeechnung: tolle Hunde si souer mat Tollwut. Do war jo nach kee breeden Impfscheema do an et gouf vill Begrëffer dofir Wutkrankheit asw.
Wéi ëmmer freeë mer eis, wann Der eis schreift, no Wierder frot oder einfach eppes proposéiere wëllt! Mir sinn erreechbar iwwer eise eegen Adress: WiWi@100komma7.lu an da kënnt Äert Wuert demnächst als Episod op de Radio! Ganz anonym, also stellt och gär méi speziell Froen!
S: Do sinn ech awer gespaant, wat kënnt. Mee et sinn ëmmer léif an intressant MEssagen!
C: Dat ass wouer!
S: An domat si mer um Enn fir haut a soen der merci, Caroline, fir den Erklärunge vun haut a freeën eis op d'nächst Woch bei WiWi!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!