Dës Kéier geet et ëm bosseg Geschichten iwwer bosseg Wierder. Mee wien ass hei de "boss"?
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hu mer haut fir e Wuert bei Wiwi?
C: Mir schwätzen haut iwwert ee Wuert, wat iech vläicht och scho begéint ass, an zwar geet et ëm bosseg. Benotzt du heiansdo bosseg?
S: _____
C: A wat heescht et fir dech?
S: ______
C: Also ech kennen dat och just passiv. Ech benotzen et selwer net. Awer mir si vun enger Nolauschterin, engem léiwe Wiwi-Fan, gefrot ginn, wou dat Wuert 'bosseg' eigentlech hierkënnt an ob et mam englesche Boss zesummenhänkt. Spoiler! Mécht et net.
Mee lo mol vu vir. Also natierlech kann ee sech bei 'bosseg' en Adjektiv virstellen, wat vum englesche Wuert 'Boss' ofgeleet ass, mee vläit géife mer dat och léine goen, also d'Wuert 1:1 aus dem Engleschen huelen: bossy. Oder mengs de, dass Leit do och 'bosseg' soen? En ass zwar just e jonke Mataarbechter, mee e gëtt sech immens bosseg.
S: Nee, éischter net.
C: A wann, dann ass dat elo éischter eng nei Wuertbildung a keng, déi sou etabléiert ass. Vill méi etabléiert ass dat Wuert, wat d'Grousstatta vun där Persoun mat Wuert vun haut heiansdo seet: bosseg. An dat wier jo dann och ambigu, well et dat Wuert scho gëtt wéi bei: E bossege Kärel oder eng bosseg Geschicht. An hei ëmmer erëm e schéint Beispill, wéi mer oft mengen, dass mer dat Wuert missen aus dem Germanesche kennen oder do siche goen. Mee et ass am Fong aus dem Franséischen. Kanns de der virstellen, wou dat hierkënnt?
S: ___
C: Et kënnt am Fong vu bosseux resp. la bosse. Dat heescht, wann s du eng Knupp hues. Sou eppes, wat sou knubbeleg ass oder hubbeleg oder buckeleg. Dat wier dann esou eppes wéi eng holpreg Ausso = eng bosseg Ausso. Dat ass dann eng Metapher, déi heescht, et ass net glat, et ass net riicht, mee et huet eeben esou Hubbel, et huet Ecken a Kanten, et huet Naupen. Dat geet alles esou e bëssen an déi selwecht Metaphorik eran.
Dat Wuert 'bosse' geet zeréck op *botan, an dat heescht schloen. Et ass deemno d'Resultat vum Schloen, dass et dono buckeleg a voll mat Knuppen ass.
S: Heescht en Höcker vun engem Kaméil net och 'bosse'?
C: Jo, dat hat ech och fonnt! Et ass jo och eng Knupp resp. en Hubbel um Kierper! Mer hunn also am Franséischen eng 'Bosse', an dorauser huet sech 'bosseg' dann entwéckelt. Also ewech vun deem wierklech physikaleschen Hubbel zu éischter engem mentalen Hubbel oder dass Saachen einfach e bësse komesch sinn oder e bëssen droleg sinn.
An ech hu mer och e puer Beispiller ugekuckt, wou 'bosseg' virkënnt an do hu mer da Beispillsätz, dass Persoune selwer bosseg sinn, meeschtens iwwer Männer, oder dass Saachen engem bosseg virkommen.
Et gëtt generell guer net sou vill Beleeër fir dat Wuert aus de leschte Joren, op d'mannst net a menge Schrëftquellen. Dat ass och e bëssen e Wuert vun eelere Spriechergruppen, am LOD sinn do eng Rei Synonymmer: droleg, eegenaarteg, gelungen, komesch, koppeg. Do gëtt et och e Buch vum Henri Losch vun 2017: Koppeges a Bosseges. Do spieren ech schonn, dass dat vun enger eelerer Persoun geschriwwen ass, mat deem Titel! Ech hunn awer och fonnt "e bossegen a laange Wee", ech denken, hei ass et da scho bal wiertlech ze verstoen, also hei iwwerlappe sech Bedeitunge vun 'komesch' an 'holpreg'. Bosseg ass op alle Fall e Wuert, wat een haut net méi sou heefeg héiert, mee et huet definitiv näischt mam 'Boss' ze dinn, well dat englescht Wuert ass och definitiv méi nei wéi d'Form 'bosseg', déi schonn an engem Lëtzebuerger Dictionnaire vun 1847 steet!
Wéi géifs du da soen, wann een Typ "bosseg" ass? Also wéi een Ausdrock géifs du benotzen?
S: _____
C: Ech mengen, ech géif "komesch" soen, oder vläit nach "weird". Du weess jo, englesch Wierder iwwerrullen alles. Weird. Cool. Easy.
S: Haha, jo. Easy. A mir schléissen da fir haut of. Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!