Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat ass haut eist WiWi-Wuert?
C: Haut schwätze mer iwwert ee Wuert, wat mer rëm vu baussen erakruten. Dofir villmools merci, fir alleguer déi, déi eis hir Wierder eraschécken. An zwar geet et haut ëm d'Wuert Hellewull. Eng Hellewull Froen hu mer a vläicht och eng Hellewull Äntwerten. Benotz du dat Wuert Hellewull?
S: ___
C: A mat weem verbënns de déi Wuertform?
S: ___
C: Well ech perséinlech verbanne se éischter mat eelere Leit oder och mat esou Journaliste-Lëtzebuergesch. Also weess de, wann een iergendwéi net wëll 'vill' oder 'immens vill' soen, sou e bësse fir ofzewiesselen, dass een da seet, 'et waren eng Hellewull Leit op der Foire'. Gemengt ass domat einfach 'immens vill'. A mir hu jo am Lëtzebuergeschen net esou wierklech den Intensivéierer 'sehr', wéi am Däitschen, oder 'très', wéi am Franséischen, mee mir hunn do ganz vill Aart a Weisen, fir Intensivéierung auszedrécken.
S: Hues de do nach aner Beispiller?
C: Jo, bleiwe mer mol bei de ville Leit, do kënne mer 'vill' intenviséieren: sauvill Leit, immens vill Leit, richteg vill Leit. Oder mer veränneren de quantitativen Ausdrock: Tonne Leit, masseg Leit, dausende Leit oder mat spezieller Betounung: do ware Leit!
An eng dovunner ass mam Wuert Hellewull. An dat Wuert kléngt sou ureg, weess de, sou urlëtzebuergesch. An dat gefält de Leit heiansdo, fir genee sou Wierder ze huelen.
Ech sinn deem Wuert scho viru bësse méi laanger Zäiz eng Kéier begéint, well et ass deemools nämlech ëm d'Orthografie gaangen.
S: Natierlech!
C: Well beim Wuert Wull ass et relativ kloer. Dat schreiwe mer W-U-L-L.
S: A jo, et geet drëm, ob een häll mat Ä oder hell mat E schreift, gell?
C: Genee: wat maache mer mat Hell? Et ass dann esou: wa sech /Hell/ nämlech vun Hölle ofleet, da misste mer et mat A mat zwee Punkte schreiwen. A wann /Hell/ sech vun engem anere Wuert ofleet, wat en E huet, da schreiwe mer et och mat E.
S: A wou kënnt et hier?
C: Dat ass net ganz kloer, resp. gëtt et zwou potenziell Erklärungen. Direkt nach e bëssen Hannergrond: Déi Persoun, déi eis dat erageschéckt huet, schwätzt selwer Hollännesch an huet do e ganz interessante Lien gemaach, deen och passt, anzwar mam hollännesche Wuert: Heleboel. Geschriwwen H-E-L-E-B-O-E-L. Dat heescht och einfach: vill vun eppes, eine ganze Menge. An dass aus boel > Wull gëtt, ass elo guer net esou onwarscheinlech. An d'Bedeitung passt och, ne. Also Heleboel: He(e)l heescht esou vill wéi alles / dat Ganzt (och wéi englesch whole). Boel huet ganz verschidde Bedeitungen, also wann een do am Flammännesche kuckt, do heescht et: Hausrat oder Besëtz, awer och: Duercherneen oder Chaos. Boel heescht also esou vill wéi e Koup Saachen oder generell vill Saachen.
S: Dat géif jo effektiv passen.
C: Also mir hunn op alle Fall eppes, wat eng Quantitéit ugëtt. Ne? De rise Koup ass eng Heleboel, ass eng Hellewull. Et gëtt awer nach eng aner Richtung. An zwar eng Wull hu mer natierlech och esou am Lëtzebuergeschen. Wann s de an eng Kummer rakënns an dat ass eng eenzeg Wull, da weess de, dass do et einfach immens onuerdentlech a chaotesch ass. Dat ass fir d'Wull, mee 'hell' gëtt et an engem anere Sënn och am Däitschen. An zwar do als Intensivéierer fir 'immens staark'.
S: Dat hunn ech zwar nach net benotzt.
C: Jo, et ass och éischter eng eeler Form. Also et gëtt se säit dem 16. Joerhonnert. Mee du fënns se effektiv net méi esou vill gebraucht am Däitschen. Dat ass, wann ee esou eppes seet wéi in hellen Haufen, seine helle Freude haben oder in helle Wut geraten. Dat ass dann esou vill wéi grouss, staark oder hefteg. Do ass et och als Intensivéierung. An do hätte mer eppes wéi eng Hellewull, also eng risegrouss Wull. Et iwwerschneit sech natierlech vun der Bedeitung hier e bësse mat deem, wat mer och aus dem Hollänneschen hunn. Dat heescht, d'Iddi ass nach ëmmer vum Koup an deen ass extreem grouss. An trotzdeem kann et sinn, dass sech esou eenzel Saachen intensivéieren. Wat mer awer op alle Fall ausgeschloss hunn, ass d'Hierleedung iwwert een Höllenhaufen mat der Häll (wat mir mat Ä schreiwen).
S: Also Hellewull mat E vir an den Däiwel an der Häll mat Ä.
C: Gutt resuméiert. Ech hoffen, mer konnten där hollännescher Persoun, déi eis dat Wuert erageschéckt huet, e bësse méi Kloerheet an Iddie ginn a wéi gesot: mir freeën eis ëmmer iwwer Input vu baussen. Schreift eis einfach op wiwi@100komma7.lu
S: Da soe mer merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!