Dës Kéier geet et ëm eng Niewesazaleedung, déi mir aus dem Franséische geléint an hallef integréiert hunn: vu que / vu datt. Donieft gi mir och gewuer, wat et mam "vu que datt" op sech huet.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert hues de eis matbruecht?
C: Haut si mer erëm bei der Kategorie Saachen, déi ech als Linguistin immens oft gefrot ginn, an zwar vu Leit aus allen Altersklassen a wou sech iergendwéi d'Leit och wonnerbar echaufféiere kënnen. Et ass de "vu que dass". Simon, hues du do speziell Gefiller? Oder benotz du dat iwwerhaapt?
S: ____
C: Haut geet et also ëm d'Niewesazaleedung 'vu que dass' oder 'vu que datt', wou sech Leit opreegen, firwat dee 'que' an den 'datt' doppelt gemoppelt sinn, firwat mer dat zweemol maachen. Kucke mer emol eng Kéier, wéi déi Struktur am Franséische fonctionéiert. Dat ass de Participe passé vu 'voir' mat engem 'que' fir en Niewesaz anzeleeden, an dat ass 'vu que', an domat seet ee wiertlech sou vill wéi "mir hu gesinn dass" an da kënnt eng Erklärung hannendrunner. Ne, dat ass da kausal. Et gëtt erkläert, firwat eppes sou ass oder firwat eppes eng bestëmmte Konsequenz huet. An déi Tournure, déi passt wonnerbar, déi gëtt oft agesat. An elo gëtt et zwou Optiounen, fir den "vu que" an d'Lëtzebuergescht ze integréieren: als Block oder eenzel Wierder.
S: Wéi mengs de dat?
C: Optioun 1: Ech kann de 'vu que' wéi eng fest Eenheet iwwerhuelen, als Block. De Leit ass do och vläicht guer net kloer, wéi en Deel wat iwwerhëlt, dass dat eent eeben dee Participe passé ass an dat anert déi franséisch Subjunktioun. Mee am Lëtzebuergesche gëtt et nach den 'dass' resp. 'datt', deen een do dropknätscht. Optioun 2: Do hu mer Leit, déi reanalyséieren dat, déi erkennen, dass de 'que' am Fong déi selwecht Funktioun iwwerhëlt wéi den 'dass/datt' an da soe se léiwer 'vu dass'.
S: … well du géifs jo net soen 'vu dass dass'.
C: Genee, se soen dat net, well do ass jo och transparent, dass deen zweemol dat selwecht erfëllt. Awer wéi ech gesot hunn, et ka sinn, dass beim Léinen d'Leit de 'vu que' als eng Eenheet iwwerhuelen an net als seng eenzel Bestanddeeler.
S: A firwat kënnt eigentlech deen 'dass' dann nach eng Kéier, wann ech 'vu que dass' soen? Also firwat héiert een dat vill?
C: Mir brauchen eppes, wat den Ufank vum Niewesaz markéiert an iergendwéi ass de "que" dofir net staark genuch. Dat läit vläit och dorunner, dass mir am Lëtzebuergesche ganz oft d'Tendenz hunn, fir Niewesätz net nëmmen normal anzeleeden, mat engem eenzelnen Element, mee och nach mat engem weideren dass oder datt. An dat heescht dann an der Fachwelt duebel gefëllt Niewesazaleedung.
S: A kanns de eis do e Beispill ginn?
C: Jo, ganz gären. An do gëtt et richteg vill Beispiller. Do hu mer eppes wéi "Kanns du mer soen, wéi laang dass de Film geet?" oder "Kanns du mer soen, wéi grouss dass den Ofstand ass?" Du mierks, du kanns ganz oft soen, "wéi grouss >datt< eppes ass". Du kanns awer och soen, "wéi grouss eppes ass". An do hat ech e puer Donnéeën, dat hunn ech nämlech och als Phenomeen a menger Dokteraarbecht analyséiert. Do kann ee gesinn, dass, ech hat elo e Verglach, "wéi schwiereg dass dat ass" (mat) a "wéi schwiereg dat ass" (ouni). An déi Form mat der dass-Verstäerkung louch bei 44 % vun de Fäll. Déi aner stoungen ouni. Bei anere Beispiller war d'Verstäerkung mam 'dass' méi seelen.
S: Also ass esou een Extra-dass guer net ongewéinlech?
C: Jo, do wonnert et mech net, dass de 'vu que dass' esou gutt fonctionnéiert, well net nëmmen, dass mer et aus enger anerer Sprooch léinen an eis do decidéiere kënnen, dat Ganzt wéi een Element ze huelen. Mee souguer wa mer et reanalyséieren a seng eenzel Bestanddeeler, ass et am Lëtzebuergeschen och total normal, eppes mat dass oder datt ze verstäerken. Sätz wéi: ech froe mech, firwat hien net kënnt ODER ech froe mech, firwat dass hien net kënnt – ganz normal Variatioun. Passt emol drop op beim Nolauschteren!
S: Gëtt et dat och an anere Sproochen?
C: Jo, dat gëtt et och an däitschen Dialekter an et gëtt et souguer am däitsche Substandard. Ganz oft, wa mir Sprooche vergläichen, also Lëtzebuergesch mat Däitsch, da maache mer do e bëssen e schife Verglach, well ganz oft vergläiche mer d'Lëtzebuergescht mat deem, wat Standarddäitsch ass oder eebe méi elaboréiert Däitsch. Ech hat awer an esou informelle Sourceë recherchéiert a sou engem däitsche Forum, wou d'Leit eng Äntwert op all Fro kënne kréien, an do e schéint Beispill fonnt: Kann man ausrechnen, wie groß dass man wird. Och hei eng dass-Verstäerkung – am Däitschen!
S: A wéi war dat elo mam dass, datt? Also do war ech mer elo net sécher, du hues heiansdo 'dass' gesot, heiansdo 'datt', mee et geet jo béides, gell?
C: Absolutt, den 'dass' an den 'datt', do geet béides. Mee vläicht maachen ech do nach eng Kéier eng Eenzelepisod driwwer, well do hunn ech och e puer sexy Zuelen a Fakte fir Iech.
S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!