Dës Kéier geet et ëm Päerd, Hënn a Coiffuren!
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut hues de sécher nees en intressant Wuert fir eis matbruecht.
C: Ma d'Semester ass eriwwer an ech hat e bësse fräi an do verbréngen ech gär Zäit mat menge Päerd a mengem Pony. A weess de, wat den Ënnerscheed ass tëscht engem Päerd an engem Pony?
S: Ech huelen un d'Gréisst.
C: Jo, an do si mer ganz genee. Päerd ginn an der Héicht um Widderist gemooss, also iwwert der Schëller, do wou hir Män souzesoen bal ophält. A wann do um Lineal 1,47 m steet, dann ass et e Pony, egal wéi breet, schmuel, buuschteg oder elegant en ass. Et ass am Fong just eng Héichtereegelung. Ouni Huffeise gemooss (déi maache meeschtens een Zentimeter aus), ass alles iwwer 1,48 m e Päerd.
S: A firwat heescht dat eigentlech Pony?
C: Den Ursprong vum Wuert „Pony“ ass ëmstridden. D'Bezeechnung 'Pony' fir ‘Pferd einer kleinen Rasse, Zwergpferd’ ass bekannt am Däitsche säit dem Enn vum 18. Jh. duerch Reesbeschreiwungen duerch England a Schottland. Am Schottesche gëtt et d'Wuert 'pown(e)y', wat sech dann als 'pony' méi verbreet huet. Et ass eng méiglech geléinte Form aus dem Mëttelfranséischen 'poulenet' (Verklengerung zu afrz. po(u)lain ‘Fillen’). Mee do gi mer lo ganz schéi wäit sichen! Dat geet dann nach bis Latäin 'pullus' zeréck fir déi Kleng vun engem Déier. Wat ech awer intressant fonnt hunn a wouriwwer ech dann nogeduecht hunn, ass Pony am Däitschen. Well natierlech gëtt et do och "das Pony", mee et gëtt awer och "der Pony".
S: A jo, fir d'Coiffure, also fir d'Chienne.
C: Genee! An do war ech sou: Moment, wat hu Ponyen a Muppe mat enger Coiffure ze dinn!
S: An du sees eis dat elo!
C: Sou ass et. Am Däitsche gëtt et d'Bezeechnung "der Pony" fir d'Coiffure säit gutt 200 Joer. Gemengt ass, dass bei Ponyen oft d'Hoer op der Stier radikal gekierzt goufen an oft och op enger riichter Linn. A wa Mënschen dat gemaach hunn, dann huet et geheescht, dass een domat ausgesäit, wéi mat engem Ponyhaarschnitt! An iergendwann ass just nach d'Kuerzform bestoe bliwwen. Änlech ass et mat der Chienne.
S: Also d'Coiffure, wéi mer am Lëtzebuergeschen an am Franséische soen.
C: Ech zitéieren dofir vun der Académie française: "être coiffé comme un chien fou, avoir les cheveux en désordre. Être coiffé à la chien, avoir, comme certains chiens, une frange de cheveux sur le front." Du hues also hei d'Stier vum Hond als Virbild fir d'Coiffure.
An och déi Bezeechnung, also dee Verglach mat der Muppecoiffure ass ronn 200 Joer al. Do hunn ech e puer schéin Definitiounen an den Dictionnairë fonnt: "Cheveux à la chien. Coiffure féminine où les cheveux sont rabattus sur le front en frange lisse." Oder wéi et och an engem Beispill aus engem Buch vun 1883 heescht "Femmes aux cheveux à la chien peignés sur les sourcils".
S: Ass zwar witzeg, dass do ëmmer Déiere geholl ginn an dass et en 200 Joer alen Trend ass.
C: Jo, dat mat der Chienne kënnt a geet an der Geschicht vun de Coiffuren aus der moderner Zäit. Pass op, well elo gëtt et nach méi verréckt, mer kommen elo full circle. Du weess jo, wéi eng Chienne op Englesch heescht?
S: Bangs.
C: An dat ass och e Päerdsterm!
S: Wierklech?
C: Jo, kee Witz. Dat hunn ech awer réischt bei der Recherche erausfonnt. Komm hei, ech loossen dech den Deel zu 'bangtail' aus dem Oxford English Dictionary liesen.
S: “a (horse’s) tail, of which the hair is allowed to grow to a considerable length and then cut horizontally across so as to form a flat even tassel-like end.”
C: 'Bangs' ass also näischt anescht, wéi eppes, wat radikal ofgeschnidde gëtt, dass et riicht hänkt.
Nach eng kleng Anekdot um Enn iwwer de Pony: Ech muss ëmmer laachen, wann e franséische Papp aus eiser Strooss mat sengem 4järege kënnt, dee mech um Päerd gesäit, an da seet dee Klengen "regarde un poney!" An de Papp ass dann ëmmer sou, dass en erkläert, firwat dat e "cheval" ass, an da muss ech laachen, well mäi Päerd 1,52 m ass, a grad emol mat 4 Zentimeter e Päerd ass, grad emol dräi Fanger héich iwwer dem Pony!
S: Ma dee muss dann einfach d'Emissioun vun haut lauschteren, da wéisst e Bescheed!
C: Genee! Méi Wiwi!
S: An domat soe mer der Merci fir haut a freeën eis op d'nächst Woch!
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!