arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

muusseg

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wéi ee Wuert hues de haut matbruecht?

C: Haut hunn ech nees e Wuert, wat kee Substantiv ass. Mir schwätzen haut iwwer eent vu menge Liblingswierder, an zwar ass dat muusseg.

S: Muusseg?

C: Muusseg, wéi flauscheg. Dat kann am Fong e Stoff sinn zum Beispill, also esou en Nikki-Stoff.

S: A vu wou kënnt dat Wuert?

C: Ma 'muusseg' kënnt am Fong aus dem Franséischen an huet eppes mat Moos ze dinn. Dat ass vum Franséischen ofgeleet 'mousseux', also eppes, wat 'mousse' entsprécht.

S: Mee ass 'mousse' net esou eppes wéi Schockelasmousse oder Raséierschaum?

C: Jo, och, mee ursprénglech war domat wierklech Moos gemengt, 'mousse verte'. Just wa mir um Mousse denken, dann hu mir einfach kulinaresch oder kosmeetesch esou vill am Kapp, dass mir guer net méi de Lien mat Moos als Planz maachen.

Dat heescht, 'muusseg' als Adjektiv kënnt vum franséische 'mousseux', wat 'wéi Moos' bedeit. Et geet also éischter ëm d'Gefill oder d'Haptik, déi Moos huet, esou eng ganz mëll Struktur. Du muss jo och iwwerleeën, viru villen honnert Joren, do haten d'Leit natierlech och net esou vill flauscheg Saachen, ausser elo vläit Pelz, a Moos war eppes, wat een einfach gären ugepakt huet, an elo wann et dréchen ass, wat einfach immens schéin un der Hand war.

Ech ginn och ganz gär einfach Moos am Bësch heemelen, einfach d'Natur mat alle Sënner op sech wierke loossen. Duerfir mäin Tipp, wann Der d'nächst Kéier Moos am Bësch gesitt an Dir musst duerno keng steril Hänn hunn, da paakt emol Moos un, dat ass richteg flott. Méchs du dat och heiansdo?

S: _____

C: Zréck bei eise 'mousseux': et gëtt jo am Franséischen eeben d'Mousse an och de 'vin mousseux'.

S: A jo!

C: Hei ass d' Iddi, dass een ee Gedrénks huet, wou uewendrop esou e Flom entsteet. Dat heescht, beim 'vin mousseux' ass eeben déi Schaumkroun, de Wäin bilt eng Mousse. Alles, wat 'mousse' genannt gëtt, ass eng Metapher zum Moos.

Wann d'Wuert 'muusseg' elo vum Moos kënnt (iwwer d'Franséischt), dann hunn ech mech gefrot, ob 'moosig' am Däitsche vläit och déi Erweiderung hat mat der Textur fir Kulinaresches oder Kosmeetesches.

S: An?

C: Leider guer net, 'moosig' geet ëmmer e bësse méi an déi naass Richtung. Dat heescht alles, wat am Däitschen 'moosig' war, war wierklech op de Moos zréckzeféieren an do geet et dann nach eng Kéier zréck och op de Sumpf. Dat heescht, Saachen, déi moosig sinn, déi sinn entweeder mat Moos bewuess oder och sou sumpfig, morastig.

S: Dat Wuert hunn ech scho laang net méi héieren: Morast.

C: Also ech fannen dat Wuert Morast, dat kléngt schonn esou richteg sou, bä, Morast.

Dann hunn ech definitiv léiwer, wa mer eppes Muusseges hunn, do geet et jo drëm, dass sech eppes besonnesch gutt ufillt, eebe wéi sou e schéinen dréchene flauschege Mooss an och sou e mëlle Pelz, dee kann och ganz muusseg sinn oder Äre schéinen décke Pyjama, dee frësch aus dem Dréchner kënnt.

Muusseg ass dofir ee Wuert, wat ech extra gären hunn!

S: So eis awer nach, wéi schreiwen ech dann elo 'muusseg'?

C: A jo! Mer musse schonn emol 2 S schreiwen, well soss wier et 'museg'. A wa mer zwee S-en hunn, da musse mer och de laangen U verduebelen. An d'Adjektivendung hannen ass -eg. Also M U U S S E G.

S: Sou hätt ech et och geschriwwen!

C: Ech si stolz op dech! Hues du eigentlech och esou Liblingswierder?

S: _____

C: Dofir och als Erënnerung un eis Nolauschterer: Dir kënnt mir och Är Liblingswierder schécken, wann Der méi dozou wëllt wëssen, dat ka ganz al oder ganz nei sinn oder ganz kreativ! Eis Adress ass wiwi@100komma7.lu!

S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow

Geeschter-"r"

Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbier

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.
headphones

6 min

play_arrow

Neelcheskapp

Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
headphones

7 min

play_arrow