Dës Kéier geet et ëm Fritten, Friteusen an d’Fro, firwat eng Kichemaschinn eigentlech eng feminin Endung huet.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis, wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit, „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg, Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hues de eis dann haut matbruecht?
C: Haut fänken ech mat engem Witz un. Weess de, wat mech traureg mécht?
S: Nee?
C: Püree.
S: Firwat dann dat?
C: En hätt jo och eng Portioun Fritte kënne ginn!
S: Oje! Dat ass awer e ganz spezielle Witz.
C: Ech hu jo net gesot, datt e gutt wier! Mee en huet e Virdeel: E féiert eis direkt bei d’Theema. Haut geet et nämlech ëm Fritten, méi genee ëm d'Wuert Friteuse!
S: Dat ass schonn e Sujet, mat deem ee vill Leit glécklech maache kann.
C: Absolut. A sproochlech ass en och interessant. D’Wuert Fritt oder Fritten kënnt – wéi vill Leit et vläit wëssen – aus dem Franséischen, vu pommes frites. Frites heescht einfach „frittéiert“. Déi Däistch soen dann alt "Pommes" oder "Fritten". An et sinn natierlech keng Äppel, mee d'Erdäpfel, d'pommes de terre, aus dem Buedem. An du hues jo och d'Bezeechnung French fries, wou de Lien mam Franséische kloer ass. Anscheinend sinn d'French Fries an England just déi laang an dënn, an déi aner sinn dann d'Chips wéi bei Fish 'n Chips. Korrekt?
S: _____
C: An engem klenge Buch iwwer d'Geschicht vun der Fritt hat ech och gelies, dass den Thomas Jefferson, 3. President vun den USA, schonn am Joer 1802 frittéiert Grompere kritt huet! Mee zréck bei d'Konscht vum Frittéieren, dat ass eng Method, bei där eppes a waarmem Ueleg oder Fett gegaart gëtt.
S: Elo géifen d’Chemikerinnen an d’Chemiker eis wahrscheinlech eng hallef Stonn erklären, wat do alles geschitt.
C: Dat ka gutt sinn! Mee ech sinn éischter fir d'Sprooch zoustänneg. An do stellt sech eng aner Fro: Wéi heescht eigentlech deen Apparat, mat deem een d’Fritte mécht?
S: D’Friteuse.
C: Richteg. An dat Wuert fannen ech sou spannend. Well: wann een op d’Endung kuckt, op -euse, da kommen engem direkt Wierder an de Kapp wéi Coiffeuse, Serveuse oder Danseuse. Dat si meeschtens Persounebezeechnunge fir Fraen.
S: Stëmmt. Un eng Maschinn denkt een do éischter net.
C: Eeben. An am Lëtzebuergeschen oder am Däitsche sinn Apparater awer dacks maskulin: e Mixer, e Staubsauger, e Schredder, en Häcksler. Déi gesinn dann esou aus wéi männlech Persounen, déi eppes maachen: e Bäcker, e Schwëmmer, e Kënschtler. Déi heeschen dann Nomen agentis, den -er weist, dass eng Persoun eppes mécht. An déi aner er-Forme wéi bei "Mixer", dat sinn Nomen instrumenti, well den -er markéiert, dass et en Apparat ass, deen eppes mécht. An dat ass do eeben eng maskulin Endung.
Am Franséischen ass dat anescht, do hu mer eng feminin Endung – flott, nee? Do kann d’Endung -euse och fir Maschinne benotzt ginn, do ass dann den -euse zoustänneg fir en Nomen instrumenti. Eng tondeuse ass eng Méimaschinn, eng agrafeuse ass en Tacker, an eng friteuse ass eng, jo, Frittemaschinn, oder wéi mir et och soen: eng Friteuse.
S: Dat heescht, mir hunn do tel quel eng franséisch Wuertbildung iwwerholl.
C: Wéi sou oft dat ganzt Wuert, jo. Do ass de Lien dann oft mat "machine" ze gesinn, déi och feminin ass, also eng "machine à tondre" ass dono "la tondeuse". Mee et gëtt och maskulin Substantiver am Franséischen, fir Maschinnen ze bezeechnen, wéi le congélateur oder le moteur.
Ech muss awer nach eppes zouginn. Bei der Preparatioun vun dëser Episod iwwer d'Friteuse hunn ech selwer bei der Schreifweis gezéckt.
S: Dat berouegt mech elo awer!
C: Jo, well ech hätt spontan *Fritteuse mat zwee T geschriwwen. Warscheinlech well ech direkt u Fritten denken. Mee d’Wuert hält sech méi no un d’Franséischt: friteuse. An dofir schreiwe mer op Lëtzebuergesch Friteuse mat engem eenzegen T.
S: Also souguer eng Orthografie-Proff iwwerpréift heiansdo e Wuert.
C: Selbstverständlech! Dat ass ganz normal. Besonnesch bei Wierder, déi een net all Dag schreift. Ech war och kuerz am Modus: „Moment emol, wéi ass et dann elo richteg?“
S: Also: Friteuse mat engem T.
C: Genee. An dofir ass haut d’Moral vun der Geschicht: Net nëmmen d’Fritten, mee och d’Schreifweis däerf een heiansdo nach eng Kéier kontrolléieren.
S: Mir soen der villmools Merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!