arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Ritschratsch

Dës Kéier geet et ëm Ritschratsch, Flipflop an Ticktack. Mir ginn och der Fro no, firwat mer mer eigentlech ni Ratschritsch oder Flopflip soen.



S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis, wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit, „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg, Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?

C: Haut schwätze mer iwwer e Wuert, dat ech scho ganz laang op menger Lëscht hunn: de Ritschratsch. Ech fannen dat Wuert genial, well et eis eigentlech direkt zwee oder bal dräi interessant Aspekter vu Sprooch liwwert! Fir d'éischt ass et onomatopoeetesch.

S: Dat Wuert hues de hei scho benotzt, et huet eppes mat Geräischer ze dinn, gell?

C: Jo, et kléngt méi komplizéiert, wéi et ass. Onomatopoeetesch heescht einfach lautmoleresch. D'Wuert imitéiert oder erënnert un dat Geräisch, dat et bezeechent. A wann s de esou e Ritschratsch auserneenzitts, da mécht en eben: Ritsch-ratsch!

S: Effektiv.

C: An dat ass iwwerhaapt eng flott Method, fir Wierder ze bilden. Mir maachen e Geräisch mat der Sprooch no, an iergendwann ass déi Geräischimitatioun e ganz normaalt Wuert wéi beim Verb "miauen" oder "repsen". Mee denk och mol un eng Auer: tick-tack. Oder un d'Flipflops, déi beim Goen "flip-flop" maachen.

An dat ass déi nächst Etapp, mer verduebelen d'Silb, et ass kee Flip a kee Flop, mee de Plastiksschung heescht Flipflop. An dat stécht och am Ritschratsch. Mir hunn zweemol quasi déi selwecht Silb, AWER de Vokal wiesselt. Et ass kee Ratschratsch a kee Flopflop. An der Linguistik schwätzt een hei vun enger Reduplikatioun mat Vokalwiessel. An deen ass ganz systematesch, wat mech bei den nächsten Aspekt bréngt.

Komm, mer maachen en Test. Wat kléngt besser: Ritschratsch oder Ratschritsch?

S: Ritschratsch. Ganz kloer.

C: Eben! A Flipflop oder Flopflip?

S: Flipflop.

C: A weess de, keen huet eis an der Schoul bäibruecht: „Pass op, du muss Ritschratsch an net Ratschritsch soen.“ An trotzdeem hu mer eng ganz kloer Intuitioun. Och am Englesche gesäit een dëst Muster besonnesch schéin: flip-flop, ping-pong, chit-chat. An der Linguistik gëtt dofir de Begrëff Ablautreduplikatioun.

S: Dat hunn ech elo net ganz verstan, wat genee ass den Ablaut?

C: Du erënners dech vläit nach un de Vokalwiessel bei staarke Verben: Am Däitsche gesäit een dat ganz kloer: singen - sang - gesungen (Wiessel am Stammvokal i-a-u).
Oder:
schwimmen - schwamm - geschwommen (Wiessel i-a-o). Am Engleschen hu mer och Ablaut: drink - drank - drunk oder drive - drove - driven. Do wiesselt de Vokal systematesch, fir Zäiten ze markéieren an dat ass den Ablaut.

S: An ass dat dat selwecht Phenomeen wéi bei Ritschratsch?

C: Jein, et ass eng Imitatioun vun eppes, wat fir eis harmonesch kléngt. An dat ass wichteg: Bei singen - sang - gesungen hu mer e grammatesch an historesch etabléierten Ablaut bei de Verbformen. Bei Ritschratsch oder Flipflop hu mer eng Wuertbildung duerch Reduplikatioun, also Silbewidderhuelung, mat Vokalwiessel. An do weist sech einfach eng staark Tendenz, déi den Ablaut imitéiert, datt eebe bei esou Formatiounen den i-Vokal virun a oder o kënnt. Bei Dräiergruppe fënnt een deemno dacks d'Reiefolleg i-a-o oder i-a-u.

S: Also ass Ritschratsch (i-a) oder Flipflop (i-o) Deel vun deem Vokalprinzip?

C: Genee. Kuck, mir hunn hei ganz onbewosst phonologesch Preferenzen, wéi Lauter a Silben organiséiert solle ginn. Dofir soe mer Mischmasch oder Zickzack (i-a) …

S: … oder Pipapo!

C: Wann ee bis driwwer nodenkt, falen engem vill Wierder an. Esou Forme bleiwen och gutt am Kapp, well se e Rhythmus hunn a bal e bësse wéi eng kleng Melodie funktionéieren, kuck och emol bei Kannersaachen: Der Bi-Ba-Butzemann, der Li-La-Launebär. Déi Formen imitéieren esou Lautwiessel an der Sprooch.

An dee leschten Aspekt vum Ritschratsch betrëfft déi englesch Iwwersetzung.

S: A, du mengs Velcro?

C: Velcro ass ursprénglech e Markennumm, awer seng Zesummesetzung ass mega! Anzwar ass Velcro aus zwee franséische Wierder zesummegebaut ginn: velours, also „Samt/Samett“, an crochet, „Hoken oder Krop“. Aus vel- an -cro gëtt Velcro. An dat seet eis, wéi de Verschloss funktionéiert: Eng Säit besteet aus klenge Kreep, déi aner aus klenge mëlle Schlaufen. Wann déi zwou Säiten openeekommen, verhaken se sech, a wann een se erëm auserneenzitt, kënnt eist schéint Geräisch: Ritschratsch! Dofir: Velcro erzielt eis, wéi den Objet opgebaut ass: eppes Mëlles a kleng Hoken. A Ritschratsch erzielt eis, wéi den Objet kléngt, wa mer en opmaachen.

S: An niewebäi hu mer nach geléiert, firwat Ratschritsch a Flopflip esou komesch kléngen.

C: Jo. A genee dat ass fir mech dat Flottst un dësem klenge Wuert. E Ritschratsch schéngt fir d'éischt just e witzegt Alldagswuert ze sinn. Mee wann een am Detail kuckt, da stiechen do op eemol Lautmolerei, Reduplikatioun, Vokalwiessel, lautlech Intuitioun a Wuertbildung dran! A virun allem weist en eis eppes ganz Fundamentales: Sprooch huet net nëmme Bedeitung. Sprooch huet och e Klang. An heiansdo gëtt genee dee Klang zum Wuert.

S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Ritschratsch

Dës Kéier geet et ëm Ritschratsch, Flipflop an Ticktack. Mir ginn och der Fro no, firwat mer mer eigentlech ni Ratschritsch oder Flopflip soen.

Friteuse

Dës Kéier geet et ëm Fritten, Friteusen an d’Fro, firwat eng Kichemaschinn eigentlech eng feminin Endung huet.
headphones

6 min

play_arrow

Kabes

Haut geet et ëm Kabes. An do stécht méi dran ewéi Vitaminnen.
headphones

7 min

play_arrow

honnert

Dës Kéier gi mer dräistelleg! Mir feieren 100 Episode WiWi, awer net mat engem Best-of, mee mer ginn der Zuel 100 op de Grond.
headphones

6 min

play_arrow

Instrospektioun

Dës Kéier geet et ëm d'Analys vun sech selwer, afirwat mer mat introspektiven Donnéeën eleng dacks keng Wëssenschaft kënnemaachen.
headphones

6 min

play_arrow

fuschnei

Déi Episod hei ass nei – fuschnei! Haut kucke mer, wat eigentlech 'fusch' bedeit a wéi eng lautlech Prozesser bei dësem Wuertdeel wichteg sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbüfdeck

Dës Kéier geet et ëm de Büfdeck a firwat verschidde Wuertdeeler hir Bedeitung verléieren. Donieft geet et och ëm Päerdsfleesch a schlecht Witzer.
headphones

6 min

play_arrow

Proximitéit

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi keen direkte Pendant am Lëtzebuergeschen hunn a firwat dat guer net esou schlëmm ass.

vu que datt

Dës Kéier geet et ëm eng Niewesazaleedung, déi mir aus dem Franséische geléint an hallef integréiert hunn: vu que / vu datt.
headphones

5 min

play_arrow

Bauerefra

Dës Kéier geet et ëm Fraen, déi an der Landwirtschaft schaffen a Begrëffer, déi méi oder manner kloer sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Dialekt

Dës Kéier geet et ëm d'Fro: Ass Lëtzebuergesch eng Sprooch oder en Dialekt?
headphones

7 min

play_arrow

Pony

Dës Kéier geet et ëm Päerd, Hënn a Coiffuren!
headphones

6 min

play_arrow

kussen

Dës Kéier geet et ëm Romantik, Spaut a gutt Bakteerien.
headphones

6 min

play_arrow

grunscheg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi een net dacks héiert, déi awer ganz praktesch am Alldag sinn! Donieft geet et och ëm partizipativ Wëssenschaft.
headphones

5 min

play_arrow

Quantitéitsreegel

Dës Kéier geet et ëm déi zentral Reegel vun der aktueller Lëtzebuerger Orthografie. Donieft léiere mer och eppes iwwer d'Geschicht vun der Schreifweis.
headphones

6 min

play_arrow

orange

Dës Kéier geet et ëm séiss a batter Orangen a firwat d'Portugisen dofir bis a China gefuer sinn. Donieft geet et och ëm nasal Lauter.
headphones

6 min

play_arrow

mof

Dës Kéier geet et ëm eng ganz schéi Faarf: mof. Mir schwätzen iwwer d'Orthografie, franséisch Wierder a Blummen.
headphones

6 min

play_arrow

Outfit

Dës Kéier geet et ëm Outifts an d'Fro, ob mir e schéinen oder e schéint Outfit kënnen hunn. Donieft schwätze mir och iwwer d'Académie française.
headphones

7 min

play_arrow

bosseg

Dës Kéier geet et ëm bosseg Geschichten iwwer bosseg Wierder. Mee wien ass hei de "boss"?
headphones

6 min

play_arrow

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow