Dës Kéier geet et ëm de Giischtjen an de Prisong a mir kucken, wou dës Wierder hierkommen a wéi se geschriwwe ginn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hues de eis haut matbruecht?
C: Op dat Wuert sinn ech opmierksam ginn, well e gudde Kolleeg zu mir gesot huet: "So, RTL benotzt do ëmmer e Wuert an ech weess net, wat et bedeit. Et kléngt immens lëtzebuergesch, mee ech kréien et net zesummegesat. An zwar den Giischtjen. Weess du, wat e Giischtjen ass?
S: ___
C: Ma, an de Giischtjen, dee wierkt jo am Fong wéi eppes, wat mat Giicht zesummenhänkt. An dat mécht en awer net.
Giischtjen – dat kléngt wéi aner Wierder, déi mer hei scho gesinn haten, wéi en Diminutiv op CHEN. Dat ass awer net vun engem Diminutiv, mee et ass änlech wéi de Schantjen aus der Episod 18 e Wuert, wat aus dem Franséische kënnt.
S: A vu wéi engem Franséische Wuert?
C: Ma et kënnt do vum Guichetier. De Guichetier ass e Mataarbechter, deen dofir zoustänneg ass, am Prisong opzepassen. Also deen mécht de Guichet vum Prisong op oder zou.
Et ass zwar elo e Wuert, wat ech perséinlech ni benotzen.
S: Ech och net.
C: Et gëtt am Lëtzebuergeschen och nach déi franséisch Form: e Guichetier, zwee Guichetieren. An am Däitschen ass dat en Gefängnisaufseher. An doraus ass dann de Giischtje ginn, Pluriel Giischtercher. Dat heescht, wéi sou oft, och de Pluriel verhält sech wéi en Diminutiv.
An am 20. Joerhonnert ass en och nach hanne mat CHEN geschriwwe ginn. An eréischt an der moderner Orthografie vun 2019, déi mer haut hunn, schreiwe mer erëm mat JEN, well mer et vun engem franséischen IER hunn. Also genau wéi beim Chantier, de Schantjen, dee mer och mat JEN schreiwen, obwuel mer et CHEN schwätzen.
S: Also wéi schreiwen een dat da lo insgesamt?
C: Ech buschtawéieren nach eng Kéier. Den Giischtjen schreiwe mer G-I-I-S-C-H-T-J-E-N. Also well ech de Guichet hunn an de franséische CH, dee gëtt ëmmer S-C-H geschriwwen. Dann hu mer, duerche laangen I, dee muss verduebelt ginn, also I-I-S-C-H an well mer net en Diminutiv hunn, mee eppes wat vun engem franséischen IER ofgeleet ass, schreiwe mer dat mat JEN. An dat ass da schonn déi ganz Hexerei.
S: Ech verstinn. Et ass zum Gléck e Wuert, wat een net oft brauch.
C: Dat ass wouer. Ech wollt och nach op d'Wuert Prisong ze schwätze kommen. Dat kann een als éischt emol hannen Prison ausschwätzen, wéi am Franséischen, oder Prisong mat O-N-G hannen. An dat Wuert existéiert am Franséischen scho säit iwwer dausend Joer.
S: Prisonge gëtt et jo och scho laang.
C: Genee. Den Prisong ass den “Lieu de détention”, also déi Plaz, op där een eng Persoun festhält. An d'festhalen, dat ass den Ursprong och am Latäin, an zwar hu mer do “prehensio”, dat gëtt dann verkierzt zu “prensio”. “Prehensio” ass d'Tatsaach, dass ech e Kierper festhalen, also dass ech e Kierper net bougéiere kann. An deen N, dee verschwënnt mat der Zäit an d’Wuert verkierzt sech, dass mer “presio”, “presionem” hunn, an dann hu mer nach am Franséischen de “Prison”, mat engem Nasal, dee mat erakënnt.
S: Also kënnt e vu “festhalen”?
C: Genee! An esou huet sech dat entwéckelt vun engem Verb, wat a sengem Participe passé eng Aktioun ausdréckt, also d'Tatsaach, dass ee festgehale gëtt, zu der Plaz, op där déi Leit sinn, déi festgehale ginn, an dat ass bis haut den Prisong.
S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!