Dës Kéier geet et ëm Aen an d’Variatioun een A oder een An. Donieft schwätze mer och iwwer den Éislek.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Da so eis emol, wéi ee Wuert mer eis haut méi genee ukucken!
C: Bei ‘kucken’ si mer scho ganz no bäi: Haut hunn ech e Buschtaf an e Wuert matbruet, an zwar mam Lëtzebuergeschen, deen alleréischte Buschtaf aus dem Alphabet – deen ass och e Wuert …
S: Aaa!
C: An eng Interjektioun ass et och! Haut geet et ëm d’A oder den A. A wéi bei A-B-C an och A wéi bei zwéi Aen am Gesiicht an och einfach “Aaaaa”. An dat ass an deem Sënn interessant, well mer bei de Guckelcher nach eng Variatioun hunn, déi ech haut och méi no wëll erklären.
S: Do si mer gespaant!
C: Fänke mer mol mat der Variatioun u vum Substantiv A. Sees du A oder An? Also elo wierklech just am Singulier. Also sees du, ech hunn eppes am A oder sees de, ech hunn eppes am An?
S: ____
C: Tatsächlech ass dat e Wuert mat Variatioun, also verschidde Leit soen een A an anerer soen een An, an dann hu mer och nach Variatioun an der Aussprooch, du hues Leit, déi soen dat e bësse méi en [ɔ:] an en [ɔ:n] an anerer soe souguer en ON, an déi Zort Variatioun, also d'Verdeelung vun deenen verschiddenen Aussproochen, ass am Variatiounsatlas vun der Uni Lëtzebuerg festgehalen.
S: A wat ass dat heefegst?
C: Déi heefegst Variant ass An (496) = 52 %; direkt dono A (347) = 36 %. Och genannt, mee manner oft goufen dann nach Aussproochvariante wéi [ɔ:] (56), [ɔ:n] (7); [o:] (6), Au (40).
S: A wéi vill Leit goufen do gefrot?
C: Dat ass am Kader vun der Schnëssen-App opgeholl ginn, kenns de déi?
S: ___
C: Déi ass och nach ëmmer aktiv, do kann een eng App op den Handy lueden an dann seng Donnéeën eraschwätzen an fir deen heiten Item war et eng Bildbeschreiwung vum A, an do hunn 946 Persounen matgemaach. Dat heescht, mir hu bal dausend Leit gefrot aus dem ganze Land, wéi se dat ausschwätzen an dat si schonn zimmlech cool Donnéeën!
S: A wou fannen ech dat? Also wou kann ech dat noliesen, wann ech mer dat elo net verhale konnt oder aner Wierder wëll kucken?
C: Dat kann een alles online nokucken op variatiounsatlas.uni.lu.
S: An ass dat mat A/An/On elo jee no Dialekt?
C: Jo, Dialekt spillt och eng Roll, also grad am Norde vum Land, ween hätt dat geduecht, am Éislek, do huet een eenzel Varianten “O” an “Au”, mee dat sinn net vill Leit, déi dat genannt hunn, also den “O” ass grad mol vu 6 Persoune genannt ginn, wat elo op bal dausend gekuckt net vill ass. Fir d'Variant “A” oder “An” ass et vun allem den Alter, deen eng Roll spillt, wat d'Leit méi jonk sinn, wat se éischter d'Form mam “N” benotzen.
S: Intressant!
C: Den “A” huet awer nach aner Bedeitungen am Lëtzebuergeschen an zwar hu mer jo och den A als Buschtaf, also a Konstruktioune wéi “dat ass den A an den O” oder den A ass den éischte Buschtaf vum Alphabet. Oder beim Buschtawéieren: “Fra schreift ee mat engem a”. En “a” kann awer och d'Konjunktioun “und” sinn, wann den N duerch d'n-Reegel ewechfält.
S: Wéi mengs de dat?
C: Wann ech zum Beispill soen “Fësch a Fleesch”, da schreiwen ech dertëscht net „an“, mir schreiwen „a“, well den N duerch d'n-Reegel ewechfält, well dat Wuert duerno mat engem F ufänkt, an dann hunn ech och just “a” do stoen (hei awer oppasse mat der Aussprooch).
Ech muss awer wëssen, dass dat net de Buschtaf “A” ass an och net “”, an dofir muss ech dat dann “a” liesen an net “aaa”. An en A, fir dat wat ech am Gesiicht hunn, dat gëtt just mat engem A geschriwwen.
S: A sou! Caroline, Mir soen der elo merci a freeën eis op d’nächst Woch bei WiWi.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!