Dës Kéier geet et drëms, wéi d’Faarf bordeaux hiren Numm krut, a wat dat mat Ochseblutt ze dinn huet.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wouriwwer schwätze mer haut?
C: Haut schwätze mer iwwer Faarwen, Wäin an och iwwer Orthografie, bref iwwer dat, wat mech interesséiert, an zwar geet et ëm d'Wuert Bordeaux. An wann ech elo Bordeaux soen, denke vläicht vill Leit direkt un de Wäin, an de Wäin huet och effektiv eppes mat der Faarf ze dinn, awer de Wäin huet fir d'éischt esou geheescht an dono koum eréischt d'Faarf.
S: A wéi koum et dozou?
C: Enn vum 19. Joerhonnert gouf et en syntheetesche Faarfstoff an dee war esou däischterrout, dass ee gesot huet, deen ass sou däischterrout wéi d'Wäiner vu Bordeaux, wann se räifen. An dofir huet ee Bordeaux gesot an Analogie zu der Faarf vum Wäin.
A weess du, wéi ee Bordeauxrout op Englesch seet?
S: ______
C: Am Engleschen heescht et Oxblood an dee Faarfstoff ass och genee sou däischterrout wéi de Wäin, mee et ass interessant, dass sech do als Faarfbezeechnung Oxblood duerchgesat huet. Ass awer och am Franséische kennt een d’Faarf mam Numm “sang de boeuf", mee do ass et méi spezifesch an der Keramik a méi genee an der chineesescher Keramik, well dat do e bestëmmte Prozess war, wou beim Hierstellungsprozess Koffer mat bäigemëscht gouf, duerch deen dann däischterrout Téin entstan sinn.
S: Witzeg, dass dat Wuert bis a China geet.
C: An elo nach e puer sproochlech Saachen. All dës Begrëffer, wéi Oxblood souwisou am Engleschen an och Bordeaux sinn invariabel, dat heescht ech kann net soen une jupe bordeause oder sou eppes. Bordeaux ass invariabel, ausser am Lëtzebuergeschen, do kéint ech su eppes soen wéi ‘mat enger bordoosser Jupe’ oder ‘mat senge bordoosse Schong’. An do gëtt et interessant, well wéi schreiwen ech dat, wann ech mam Franséischen EAUX.
S: Du sees eis dat elo.
C: Hei hu mer e Wuert, wat am Franséischen keng Endung kann huelen. An dat kritt eng lëtzebuergesch Struktur opgezwongen mat bordooosse Schong an da gi mer him eng komplett lëtzebuergesch Schreifweis. Dat heescht mir schreiwen et B O R D O O S S E.
S: Mat 2 S?
C: Mir mussen den S verduebelen, well mer den S hanne stëmmlos schwätzen an wann ech S schwätzen, da muss ech en op där Plaz verduebelen, well wann den S just eemol géif do stoen, da géif ech soen ‘Bordose’ an ech soen jo net ‘Bordose’, mee ech soen ‘Bordoosse’ an doduerch muss en op där Plaz verduebelt ginn a soumat gesäit déi Form ganz anescht aus wéi d'Grondwuert mat EAUX, dat heescht an der flektéierter Form, wann eng Endung hannendru kënnt, schreiwe mer mat OOSS.
S: Kléngt komplizéiert.
C: Dat ass och éischter selten. En plus häss de d’Optioun, et einfach bordeauxrout ze nennen. An deem Fall hunn ech rëm e Kompositum aus Bordeaux a Rout. A Rout verhält sech wéi e ganz normaalt Adjektiv an ass jo och ganz normal am Lëtzebuergeschen ze deklinéieren an da kann ech alles soen mat menger bordeauxrouder Jupe. Awer wann ech Bordeaux eleng wëll huelen, dann muss ech dat kënne flektéieren, Bordoossen, an dann ännert och d'Schreifweis.
S: Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!