Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Reuben James - Own Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Schären

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Et geet ëm Päerd, déi schären, a Leit, déi geschäert kommen. Donieft gesi mir och, wat d’Wuert Ohrfeige mat kieren ze dinn huet.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon

S: Haut kënns de schären?

C: Schären ass en interessant Wuert, wat am Lëtzebuergesche ganz vill verschidde Bedeitunge kann hunn! An ech schwätzen elo net vun enger lëtzebuergescher Aussprooch vum Verb “to share”, also eppes op Instagram “schären/sharen”, mee ëm dat lëtzebuergescht Verb schären, wat ganz vill Bedeitunge kann hunn. Falen dir der schonn e puer an?

S: ____

C: Fir mech perséinlech natierlech den éischte Sënn mat de Päerd: “Schären” ass dat Geräich, wat se maachen, wa se mam Huff sou iwwert de Buedem schären, also wa se ongedëlleg sinn oder wa se iergendwéi op Iesse waarden, dass se dann esou mam Fouss maachen, iwwert de Buedem, an dat ass dann d’Schären. Schären huet och beim Mënsch meeschtens eppes mam Fouss ze dinn: also wann ech d'Féiss net hiewen, da kann ech och d'Féiss iwwert de Buedem schären an da gëtt et jo och am Lëtzebuergeschen de geschäert kommen: d'Leit, déi aus dem Café geschäert kommen oder “Wéi kënns du dann do geschäert?”, dat ass beispillsweis e Saz aus dem LOD, an dat ass, wéi d'Leit einfach e bëssen ausgesinn.

Et kann een awer och mat enger Iddi geschäert kommen – am iwwerdroene Sënn.

S: A jo!

C: Dann hu mer, wéi elo éinescht scho gesot, dass Déiere schäre kënnen, also Hénger schären zum Beispill oder Päerd schären. Dann hu mer nach “engem eng schären”, kenns de dat?

S: ___

C: Dat ass wann een eng an d'Akaul kritt, da kritt een eng geschäert, eng Ohrfeige. Do sinn ech souwisou och Fan vum Wuert Ohrfeige. An “engem eng schären” ass warscheinlech och déi Sträifbeweegung vun der Hand, dass de iergendwou eng Reiwung erzeugs. A wann s de engem eng schäers, dann hues de jo quasi hien esou u sengem Kapp beréiert. An hei fannen ech ganz interessant, dass beim däitschen “scharren”, dat Ganzt sech haaptsächlech op de Fouss bezitt, awer am Lëtzebuergesche ka “schären” och mat der Hand gemaach ginn. Also “engem eng schären” oder Saache vum Dësch schären oder eppes mat den Hänn zesummeschären. Do hu mer net nëmmen de Begrëff vum Fouss, mee “schären” kann dann och d'Hand betreffen.

S: Du has elo grad vun der Ohrfeige geschwat? Wou kënnt dat eigentlech hier?

C: Ech hat mech do elo nach net ganz erageschafft, mee eng Pist geet an d’Hollännescht. An elo gëtt et interessant, well am Hollänneschen heescht die Ohrfeige = oorveeg. An vegen heescht och “kieren, wëschen oder schären”. “Ohrfeige/oorveg” ass wuel eng Vermëschung vun dem eelere Wuert aus dem mëttelnidderdäitschen “Ōrvīge” mam hollännesche Verb “vegen”. An elo hu mer dann d'Iddi vum “Schären” an “eng geschäert kréien” an eng “Ohrfeige” oder “jemandem eine wischen” – wéi alles iergendwéi zesummekënnt! An dat hunn ech bei de Sproochen einfach ëmmer richteg gären.

S: Mee déi Sproochen hänke jo och zesummen, gell?

C: Ganz genee, dat ass d’Sproochfamill vun de Westgermanesche Sproochen, wou een op esou klenge Saachen erkennt, dass se änlech opgebaut sinn!

S: A firwat Schärepäerd eigentlech?

C: Päerd schären, fir Opmierksamkeet ze kréien. Dat heescht, wann ech zum Beispill an der Fudderkummer eppes maachen, da schären se, well se ongedëlleg sinn a well se gäre wëlle soen: Hei, ech, ech, ech! Oder och Rennpäerd an de Startboxen, do sinn der och oft déi schären, also déi schnauben, déi schären, well Päerd maache jo keng haart Geräicher, fir op sech opmierksam ze maachen. Also e Mupp, dee géif jaulen oder eng Kaz géif miauen. Mee ee Päerd ass e Fluchtdéier an dat mécht normalerweis net esou vill Geräicher, ausser et rifft en anert Päerd. An da schäre se mat de Féiss, fir ze soen: Hei, kuck, ech, hei! Dat heescht, iergendwéi si se e bësse gestresst an iergendwéi heeschen se och. An ech perséinlech haassen dat, wa Päerd schären, well dat ass immens ustrengend an dat ass eng Ongedëllegkeet, déi ech beim Päerd net wëll fërderen. Dat heescht, wa meng Päerd schären, da gëtt et guer näischt, well wa se schären a se kréien eppes, dann hunn ech dat positiv verstäerkt an dann dresséieren d'Päerd mech. Fir dass ech op si reagéieren. An dat ass net gutt.

S: Ech verstinn.

C: An do am iwwerdroene Sënn hu mer dofir och fir “bei enger Fra schären” fir “flirten”. Beispill: en huet jorelaang bei him geschäert, fir ze soen, e wollt iergendwéi Opmierksamkeet hunn oder “de ganzen Owend huet hatt bei deem Typ geschäert”. An domat ass gemengt, dass och do eng Zort vun Opmierksamkeet an Interessi do ass, wéi beim Päerd, wat schäert.

S: Mir hunn och nach Intressi a soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Saachen iwwer d’Lëtzebuergescht erziels.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Reidersallef

Dës Kéier geet et ëm e wonnen Hënner, Wierder am Alen Dictionnaire a Konsonanten, déi net gär nieftenee stinn.
headphones

5 min

play_arrow

Schären

Et geet ëm Päerd, déi schären, a Leit, déi geschäert kommen. Donieft gesi mir och, wat d’Wuert Ohrfeige mat kieren ze dinn huet.
headphones

5 min

play_arrow

A

Dës Kéier geet et ëm Aen an d’Variatioun een A oder een An. Donieft schwätze mir och iwwer "den" Éislek.
headphones

6 min

play_arrow

Geess

Dës Kéier geet et ëm Geessen an den 1. FC Köln. Donieft gëtt et och en Orthografie-Tipp.
headphones

6 min

play_arrow

Neelchen

Dës Kéier geet et ëm kal Fangeren, den Neelchen a Wierder, déi eis an anere Sproochen heiansdo feelen.
headphones

5 min

play_arrow

Verhütung

Dës Kéier geet et ëm den Ursprong vum Wuert Verhütung a seng Synonymmer. Donieft schwätze mir och iwwer den Hutt vun der Melania Trump.
headphones

6 min

play_arrow

Astig

Et geet haut ëm de Begrëff Astig (an aner Wierdermat -stig) a wéi dës Formen am Lëtzebuergesche landen.
headphones

5 min

play_arrow

Dännenzap

Et geet ëm Dännenzapen a firwat déi meeschtens näischt mat enger Dänn ze dinn hunn.
headphones

4 min

play_arrow

Grumm

Dës Kéier geet et bis an d’Hee! Et geet ëm Hee, Grumm an d’Konscht, d’Meteoaschätzen ze kënnen.
headphones

5 min

play_arrow

G-Punkt

Mir schwätzen iwwer de "G" am G-Punkt an entdecke Begrëffer bei der weiblecher Anatomie.
headphones

5 min

play_arrow

La ola

Dës Kéier geet et ëm La-ola-Wellen an onbewosst Verdueblungen.
headphones

6 min

play_arrow

Bordeaux

Dës Kéier geet et drëms, wéi d’Faarf bordeaux hiren Numm krut, a wat dat mat Ochseblutt ze dinn huet.
headphones

4 min

play_arrow

Veterinär

Et geet dës Kéier ëm al Déieren an den Ursprong vum Wuert Veterinär.
headphones

4 min

play_arrow

Rüg

Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.
headphones

4 min

play_arrow

Nonfoutisme

Et geet ëm Leit, déi näischt foutéieren a franséisch Wierder, déi eigentlech just nogebaut sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Kompost

Dës Kéier geet et ëm Linguistik, Uebst a Kompost.
headphones

4 min

play_arrow

Aasch

Et geet ëm deen Allerwäertesten.
headphones

4 min

play_arrow

random

Et geet dës Kéier ëm random Froen, Musekslëschten an och d'Siri
headphones

4 min

play_arrow

Labello

Ee vu ville Beispiller, bei deenen de Markennumm benotzt gëtt fir e Produit ze beschreiwen.
headphones

4 min

play_arrow

Batti

An et geet ëm Ausdréck wéi Tutebatti oder Schnësskättien
headphones

4 min

play_arrow