arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Vanill

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Mir schwätzen iwwer d’Vanill a wéi se aus dem Spueneschen am Lëtzebuergesche gelant ass. Donieft schwätze mir och iwwer verschidde Variante vun deem Wuert.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wéi ee Wuert hues de eis haut fir Wiwi matbruecht?

C: Ech si jo och Fan vun deenen aneren Emissiounen hei um 100,7. An do gëtt et zum Beispill d'Emissioun “Gewierzer aus aller Welt”, déi ech ganz flott fannen. An den 24. Dezember d'lescht Joer, also op Hellegowend, do koum d'Episod Vanill. Bass de e Fan vu Vanill?

S: _________

C: Ech hunn de Geroch och immens gär an ech hat och d’Episod ganz flott fonnt,

awer ech sinn natierlech och linguistesch un der Vanille interesséiert.

Als éischt e bëssen Hannergrond:

D'Vanill ass ursprénglech aus Mexiko. An do ass d'Vanill am réien Zoustand eng gréng Kapsel, also eng länglech Schote vun der Vanill. An déi gëtt dann, no opwennege Prozesser, gedréchent a fermentéiert a kritt doduerch déi schrumpeleg schwaarz-brong Optik a kann och esou weider verschafft an haltbar gemaach ginn.

S: A wouhier kënnt d’Wuert?

C: Ech hat de Prozess vun der Hierstellung selwer sou intressant fonnt, mee du hues recht: Dat ass jo elo och hei e linguistesche Podcast. Op alle Fall ass esou wéi mir d'Vanill kennen, an där schwaarzer bësse verschrumpelter Schote, esou hänkt se natierlech net um Bam, mee dat ass wat de Mënsch herno draus mécht. Dat ass wichteg ze wësse fir d’Benennung vun der Vanill.

A fir d'Etymologie vum Wuert ze verstoen, musse mer e bëssen an d'Zäit zréckgoen, well mir hunn d'Vanill warscheinlech aus dem Franséischen an d'Fransousen hunn d'Vanill warscheinlech aus dem Spueneschen, wat da selwer op d’Latäin zréckgeet.

S: Dat ass awer e wäite Wee.

C. Dat muss ee bei munche Wierder eeben alles kucken, well grad esou kulinaresch Saachen hire Wee lues a lues an Europa fonnt hunn. Lo kucke mer mol fir d'éischt, wéi et sech aus dem Spueneschen erausentwéckelt huet: do ass et VAINILLA oder VANILLA an dat heescht einfach Vanill, d'Planz an d'Frucht dovunner. An bei ILLA ass en Diminutiv, ass eng Verklengerungsform vu VAINA. Et gëtt zwar V geschriwwen, mee am Spueneschen ass dee V net W gelies, mee en ass esou e bëssen wéi en B, wou d'Loft awer liichteg d'Lëpsen erauszitt: vaina. Dofir huet d’Vanill am 17. Joerhonnert och deelweis Banill geheescht, well d'Leit et wéi e B verstanen hunn. Et war awer mat V geschriwwen: vaina oder eeben vainilla.

S: A wat heescht vaina?

C: Vaina heescht am Fong just esou vill wéi Schote, well se do dra sinn. Et heescht awer och Scheide.

S: Scheide?

C: Jo, ech hunn elo bewosst dat däitscht Wuert geholl, well et d’Scheide ass fir d’Hüls resp. d’Housse aus Lieder oder Metall, déi fir e Messer, en Dolch oder en Degen geduecht ass. An elo hal dech fest: vaina geet zréck op Latäin Vagina.

S: Mee Vagina huet elo schonn eppes mam weibleche Geschlechtsdeel ze dinn?

C: Jo, iergendwéi schonn. Eng Vagina ass ursprénglech eng ‘Schwert-, Degenscheide, Hülle’, mee am Latäin fanne mer et och scho fir de weiblechen Intimberäich. Béid Wierder – Scheide a Vagina – hu sech einfach parallel entwéckelt, an zwar eemol als Geschlechtsdeel vun der Fra an eemol awer och fir d'Scheide, wou eeben e Schwäert dragemaach gëtt oder eng Hüls, wou dann och d'Käre vun enger Planz dra sinn zum Beispill. Strukturell gesinn ass d’Vanill also den Diminutiv vu “vagina”.

S: Ok, dat muss ech mer verhalen.

C: Mer kéinten natierlech elo och weider iwwerleeën a soen, “jo, mee esou eng Orchidee huet dach och eppes vun engem weibleche Geschlechtsdeel”, mee dat iwwerloossen ech Ärer Fantasie. A wou mer vu Fantasië schwätzen …

S: Lo sinn ech awer gespaant!

C: Et gëtt jo och den Term vanilla sinn. Kenns de deen?

S: ____

C: Vanilla heescht nämlech, dass ee keng besonnesch Fetischen huet a keng besonnesch Kinks. An dat ass emol guer net negativ gemengt. Anscheinend ass déi Bezeechnung 1984 opkomm an huet sech an den 90er ausgebreet. D’Iddi ass, dass een an e Glacebuttek geet an elauter Zorte Glace gesäit mat verréckte Goûten, ongewéinlech, kreativ gemëscht. An een dann einfach bei Vanill bleift, well Standard.

Vanilla an deem Sënn heescht, dass ee keng besonnesch Virléiften huet an och net besonnesch experimentéierfreedeg ass. An dat mécht oder dat gären hëlt, wat déi meescht Leit gären huelen.

Virun e puer Joren hunn ech gelies: Vanilla Girls oder vanilla girl aesthetic. Schonn héieren?

S: ______

C: An am Ufank hunn ech mer geduecht, et wier eppes Pornografesches, awer Vanilla ass just fir d’Faarf. An et ass e Kleedungs- an Ariichtungstrend an esou helle Brong- a Beigetéin. Do hat ech bëssi misse laachen, dass dat vläit net dee beschten Trendnumm ass.

S: Nee, effektiv. Lo si mer haut awer vum Latäin bis bei TikTok-Trends komm!

C: Sou ass dat, wann ee bis ufänkt, sech fir Wierder ze intresséieren!

S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow

Geeschter-"r"

Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbier

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.
headphones

6 min

play_arrow

Neelcheskapp

Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
headphones

7 min

play_arrow