arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
10 Joer Alessandro Urbano!
E Live-Matschnëtt vum Anniversairesconcert vum Diddelenger Titularorganist.
Romantesch Sinfonien am Fokus
Mat zwee Meeschterwierker aus dem 19. Joerhonnert trëtt den Orchestre de la Suisse Romande op: dem Brahms seng drëtt Sinfonie an dem Dvorák seng siwent.
Vu Mississippi bis un den Amazonas
De Monte-Carlo Philharmonic Orchestra spillt e Concert mat Musek, déi d'Diversitéit vum amerikanesche Kontinent weist.
Barock a Klassik mat "Vollbeschäftegung"
Mozart, Vivaldi, Haydn mam RTÉ Concert Orchestra
Mat 23 Joer scho weltwäit op de Bünen doheem
Déi jonk Geiistin María Dueñas spillt dem Bruch säin éischte Geieconcerto mat der NDR Elbphilharmonie Orchester ënner der Baguette vum Alan Gilbert.
Eng (net) komplett Sinfonie
Dem Schubert seng "Unvollendete" trëfft op Wagner a Ravel
Wann de Cor rifft
E Kammermuseksconcert am Kader vun de Veiner MusicDays, mat Wierker vu Mozart, Brahms, Reuter a Kurtág
Crèche musicale de Noël
Bach, Mozart, Händel an Haydn, gespillt vu Kammermuseker aus de Solistes Européens, Luxembourg
Santa Claus is back in town
E Mix vu bekannten a manner bekannte Chrëschtlidder - presentéiert vum WDR Funkhausorchester.
Concertsduo perfekt fir d'Chrëschtzäit
E Programm, dee sech gréisstendeels ëm Chrëschtdag dréit, an dat mat Musek vum 20. an 21. Joerhonnert, an och nach aus der Zäit vum Barock.
Cembalo héich zwee
Bei dësem Concert héiert een direkt zwee Cembaloen. Et spillen d'Anne-Catherine Bucher an de Fons Van der Linden. Um Programm: Musek vu le Roux bis Boccherini
Iwwer d'Schéinheet an d'Zerbriechlechkeet vum Liewen
Dräi russesch Komponisten exploréieren d'Dualitéit vum Mënscheliewen tëschent Schéinheet a Schicksalsschléi. E Concert vum OPL ënner der Baguette vum Jukka-Pekka Saraste.
Live Concert aus der Philharmonie - Christmas à la Hollywood
D'Solistes Européens, Luxembourg lueden an op ee Concert voller Chrëschtdagsstëmmung a fir matzesangen!
Past > Present > Future
De Lëtzebuerger Ensembel setzt zanter 25 Joer säi Fokus op d'Accessibilitéit vun zäitgenëssescher Musek.
E barocken drëtten Advent
De Freiburger Barockorchester an d'Sopranistin Julia Leschnewa mat 10 verschidde Komponisten aus dem Barock
Den Ensemble Vocal du Luxembourg spillt dem Scarlatti seng Passioun.
Den Ensemble Vocal du Luxembourg spillt dem Scarlatti seng Passioun am Kader vum Festival Echterclassic.