Haut gi mir dem Ruff vum Cor no, an zwar bis op d’Schlass op Veianen. Hei huet de Lëtzebuerger Cornist Leo Halsdorf zesumme mat der Kammerata Luxembourg ee Concert am Kader vun de Veiner MusicDays gespillt.
De Cor huet scho viru Joerhonnerten seng Plaz an der Gesellschaft ageholl, sief dat fir Warnsignaler an der Stad ze verbreeden oder bei der Juegd, deemools nach als sougenannten Naturhorn. Eréischt Ufank vum 19. Joerhonnert gouf en dunn och zu engem Orchesterinstrument, mat dräi Ventiller, déi et erlaben, méi virtuos Klangfollgen ze spillen.
An där Form héiere mir de Cor och bei dësem Concert, sief dat am Mozart sengem bekannte Corquintett aus dem Joer 1782 oder dem Brahms sengem Trio op.40 a mi bémol majeur - e Bijou am Repertoire vun esou munnchem Cornist. Mat dobäi ass awer och e Wierk vum Lëtzebuerger Pianist a Komponist Marcel Reuter.
Dëse Concert ass e Matschnëtt vun de Veiner MusicDays vum 6. November 2025 a gëtt presentéiert vum Tanja Duprez. Dir fannt en nach bis de 25. Januar 2026 hei an eiser Mediathéik.
Programm:
• Wolfgang Amadeus Mozart - Quintett a mi bémol majeur, K. 407
• György Kurtág - Signs, Games and Messages
• Marcel Reuter - Infra la neve
• Johannes Brahms - Trio a mi bémol majeur, op.40 cor
Interpreten:
• Leo Halsdorf, Cor
• Sandrine Cantoreggi, Gei
• Susanne Martens, Braatsch
• Denis Theis, Braatsch
• Gustav Rivinius, Cello
• Béatrice Rauchs, Piano