De Matis Grisó ass keen Onbekannten hei am Land. 2024 huet de jonken Cellist den éischte Präis beim Prix Anne & Françoise Groben gewonnen. Zanterhier spillt hie vill Concerte ronderëm d'Land. Een dovunner war am Kader vum Echter'Classic Festival den 11. Oktober 2025. Do huet hien zesumme mat fënnef Museker:inne vum OCL Wierker vum Tschaikowski a Piatigorsky gespillt.
Dee selwechten Dag gouf et dann och e Concert mat traditionell griichescher an zypriotescher Musek am Kader vum Festival. Do séngt déi griichesch-lëtzebuergesch Mezzosopranistin Daphné Souvatzi, an et spillt ënnert anerem de Flamenco-Gittarist François Aria.
Programm:
- Aherompasma (tarditionellt zypriotescht Lidd)
- Yiati Pouli (traditionellt Lidd vum Schwaarze Mier)
- Claudio Monteverdi (1567-1643): Il Lamento della Ninfa
- Apo xeno topo (Traditionellt Lidd)
Daphné Souvatzi, Mezzosopranistin
François Aria Quartet
François Aria, Flamenco-Gittar, Kompositioun & Arrangementer
Marie-Suzanne de Loye: Viola da Gamba
Stefanos Floras, Oud & Gesang
- Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Pezzo Capriccioso, op.62 (arrangéiert fir Cello a Sträichquintett)
- Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Nocturne, op. 19 (arrangéiert fir Cello a Sträichquintett)
- Gregor Piatigorsky (1903-1976): Variatiounen op ee Paganini-Theêma (arrangéiert fir Cello a Sträichquintett)
Matis Grisó, Cello
Museker:inne vum Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL)
Pascal Monlong, Gei
Isabel Van Grysperre, Gei
Susanne Martens, Braatsch
Judith Lecuit, Cello
Philippe Petiot, Kontrabass