Normalerweis verlaangen de Barock an d’Klassik méi kleng Besetzungen. Mee bei dësem Concertsprogramm mat Mozart, Vivaldi an Haydn gëtt de kompletten Orchester gebraucht. Esouguer mat zousätzlecher Perkussioun, a mat 3 Trombonnen.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Ouverture, aus “Die Entführung aus dem Serail”
Antonio Vivaldi (1678-1741): Sopranino Recorder Concerto, RV 443
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Marsch der Priester, aus “Die Zauberflöte”, KV 620
Joseph Haydn (1732-1809): Sinfonie Nr. 100, Hob. I:100 (“Militärsinfonie”)
Interpreten:
RTÉ Concert Orchestra
Mia Cooper, Direktioun
Dëse Concert gouf de 5. Febraur 2025 zu Dublin am Studio 1 vum RTÉ opgeholl. Dir kënnt d’Opnam nach bis den 28. Januar an der Mediathéik vum Opus nolauschteren.