No sengen zwou éischte Sinfonien huet den Hamburger Komponist Johannes Brahms eng länger Paus an dëser Gattung gemaach. Vill aner grouss Wierker wéi säi bekannte Geie-Concerto oder säin zweete Concerto fir Piano sinn an dëser Zäit entstanen. Mee am Joer 1883 huet de Brahms sech bei engem Summeropenthalt zu Wiesbaden un d'Schreiwe vun enger drëtter Sinfonie gewot.
Dës Sinfonie bestécht duerch hir opfälleg positiv an zukunftsorientéiert Energie, déi sech duerch déi véier Säz zitt. Bekannt ginn ass virun allem deen immens lyreschen, liicht melancholeschen drëtte Saz vun dëser Sinfonie. Am Hierscht vum selwechte Joer huet de Brahms op de Rot vu sengem enke Frënd a Komponist Antonín Dvorák gesat, wéi deen him den éischten a leschte Saz vun dëser Sinfonie virgespillt huet. Ëmgedréit war et de Brahms, deen dem Dvorák deemools zu méi Unerkennung verhollef huet, dat souwuel bei de Publiziste wéi och allgemeng an der Ëffentlechkeet. Dem tschechesche Komponist seng 7. Sinfonie stécht grad wéi dem Brahms seng drëtt och voller Energie. Dës gëtt hei allerdéngs gemëscht mat souwuel politeschen Hannergrënn grad wéi enger ganz perséinlecher Entwécklung vum Dvorák.
No enger Phas vu villen Zweifel begëtt de Komponist sech hei an eng revolutionär Opbrochstëmmung an notzt dofir och d'Tounaart Re Mineur, grad wéi de Mozart a sengem "Requiem" oder de Beethoven a senger markanter néngter Sinfonie.
Opgeholl gouf dëse Concert an der Victoria Hall zu Genf an Dir kënnt en nach fir ee Mount an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Johannes Brahms (1833-1897): Sinfonie Nr. 3 a Fa Majeur, op.90
Antonín Dvorák (1841-1904): Sinfonie Nr. 7 a Re Mineur, op.70
Interpreten:
Orchestre de la Suisse Romande
Lorenzo Viotti, Dirigent