Fir säi festleche Concertsprogramm hëlt de WDR Funkhausorchester mat hirem Dirigent Johannes Witt eis mat op eng musikalesch Rees duerch déi grouss Klassiker aus der Chrëschtdagsliteratur. Nieft enger Rei Arrangementer wéi "Santa Claus is Comin' to Town", "White Christmas" oder "O du fröhliche", ginn et och vill original Orchesterstécker, déi perfekt an dës Zäit erapassen. Dozou gehéiert nieft dem Humperdinck senger Ouvertür vun "Hänsel und Gretel" sécherlech och dem Tschaikowski seng "Nussknacker"-Suite oder dem Strauss seng Polka "Winterlust". Mee och eng Rei solistesch Wierker wéi dem Tomaso Albinoni säi "Concerto a cinque" a Si Bémol Majeur oder dem Jean-Baptiste Arban seng Fantasie a Variatiounen op "Le Carnaval de Venise" ginn et an dësem Programm ze héieren. Hei ass et deen eréischt 14 Joer ale Ben Stümke op der Trompett,
deen zesumme mam Orchester optrëtt.
En anere jonke Museker, de britteschen Organist George Warren, fëllt de Programm mat ënner anerem enger Improvisatioun iwwer déi schéinste Chrëschtdagsmelodien op der Uergel op. An zu gudder Lescht huet esouguer en Arrangement vun der US-amerikanescher Popsängerin Katy Perry hirem Lidd "Cozy Little Christmas" et an dëse Programm gepackt.
Opgeholl gouf dëse Concert am WDR Funkhaus zu Köln an Dir kënnt en nach fir ee Mount an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Engelbert Humperdinck (1845-1921):
• Ouverture vun "Hänsel und Gretel"
George Warren (1828-1902):
• Uergel-Improvisatioun iwwert Chrëschtdagslidder
John Frederick Coots (1897-1985):
• Santa Claus is Comin' to Town (arr. Thomas Dorsch)
Tomaso Albinoni (1671-1750):
• Concerto a cinque a Si Bémol Majeur, op.7/3
Malcolm Arnold (1921-2006):
• The Holly and the Ivy: A Fantasy on Christmas Carols
Josef Strauss (1827-1870):
• "Winterlust", Polka schnell, op.121
Irving Berlin (1888-1989):
• White Christmas (arr. Kevin Kaska)
Paul Hindemith (1895-1963):
• Tanz der Holzpuppen, aus "Tuttifäntchen Suite"
Traditional:
• Santa's Christmas Celebration (arr. Enrique Carlson)
Jean-Baptiste Arban (1825-1889):
• Fantasie a Variatiounen op "Le Carnaval de Venise"
Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893):
• Tanz der Zuckerfee, aus "Der Nussknacker", Suite op.71a
• Trepak, aus "Der Nussknacker", Suite op.79a
Traditional:
• O du fröhliche (arr. Andreas Nikolai Tarkmann)
Katy Perry (1984-):
• Cozy Little Christmas (arr. Michael Fuchs)
Interpreten:
• Ben Stümke, Trompett
• George Warren, Uergel
• WDR Funkhausorchester
• Johannes Witt, Direktioun