Am Kader vum Festival Echterclassic 2025 a fir den 300. Doudesdag vum Komponist Alessandro Scarlatti ze markéieren presentéiert den Ensemble Vocal du Luxembourg, zesumme mam Orchester L’arpa Festante an ënner der Leedung vum Matthias Rjczyk dem Scarlatti seng Passioun.
Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 12 Oktober 2025, deen den Opus am Kader vum Festival Echterclassic opgeholl huet. Dee kënnt dir bis de 9. Januar 2026 um Opus.Radio an eiser Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Alessandro Scarlatti (1660–1725):
Passio
Passio secundum Joannem & Responsori per la Settimana Santa (extraits)
Interpreten:
Ensemble Vocal du Luxembourg
Orchestre L’arpa festante
Matthias Rajczyk, Direktioun