"Ich mag Weihnachtsstimmung und auch ein bisschen Weihnachtskitsch", seet de Christoph König, Chefdirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL). Haut den Owend triede si ënner dem Motto "Christmas à la Hollywood" an der Philharmonie op. An Dir kënnt de Concert um hallwer 8 live um Opus iwwer DAB+ oder online op opus.radio lauschteren.
En ongewéinlecht Instrument
Um Programm stinn nieft der berüümter Suite aus dem “Nussknacker” vum Tschaikowski och Wierker, déi deene meeschte Klassik-Fans vläicht net ganz bekannt sinn an awer ëmmer iwwerall ze héiere sinn. Et si Chrëschtwierker vum Leroy Anderson. Dat Bekanntsten ass wuel säin "The Typewriter", bei deem net nëmmen den Orchester Musek mécht, mee och eng Schreifmaschinn.
Matsangen erlaabt
Dat Besonnescht bei dësem Concert ass, datt de Public bei de Chrëschtlidder deels matsange kann. Et gëtt e Concert voller beréierender Musek, bei deem richteg Chrëschtstëmmung opkënnt.
Programmm:
- Engelbert Humperdinck: Hänsel et Gretel, Prélude
- Piotr Illitch Tchaïkovski: Nussknacker-Suite, op. 71a
- Leroy Anderson: Greatest hits
- Sandpaper Ballett
- Sleigh Ride
- A Trumpeter’s Lullaby
- Jazz Pizzicato
- Forgotten Dreams
- Fiddle-Faddle
- The Typewriter
- The Syncopated Clock
- Belle of the Ball
- The Waltzing Cat
- Bugler’s Holiday
Interpreten:
- Solistes Européens, Luxembourg
- Christoph König, Direktioun
Den Opus iwwerdréit dëse Concert Live, de 15. Dezember 2025 um 19:30 Auer. Rediffuséiert gëtt de Concert de 26. Dezember um 8 Auer an en ass bis de 14. Januar 2026 an der Mediathéik op www.opus.radio disponibel.