Fir bei engem Concert a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen, brauch een net onbedéngt Mariah Carey, Wham! oder Michael Bublé. Dem Christoph König no, deen haut ausnamsweis emol net als Dirigent mee als Pianist bei de Solistes Européens, Luxembourg op der Bün sëtzt, geet Chrëschtdag och ganz gutt mat barocken a klassesche Wierker. An esou fanne mir um Programm vum haitege Concert Wierker fir Kammermuseksensembel vu Bach, Mozart an Händel erëm, déi eis eng ganz festlech a besënnlech Atmosphär zaubere sollen.
Ënner dem Titel “Crèche musicale de Noël“ hunn d’Solistes Européens, Luxembourg de 16. Dezember an de klenge Sall vun der Philharmonie invitéiert. De Matschnëtt vun dësem Concert gëtt presentéiert vum Tanja Duprez. Dir fannt en nach bis de 24. Januar 2026 an eiser Mediathéik an an der Opus-100,7-App.
Programm
Johann Sebastian Bach: Sonata sopr’il Sogetto Reale (Musikalisches Opfer BWV 1079)
Joseph Haydn: Divertimento an Do Majeur Hob.IV:1 (London Trio n°1)
Wolfgang Amadeus Mozart: Sonat fir Gei a Piano a Mi Mineur KV 304 (300c)
Georg Friedrich Händel: Sonat fir trio op.2 Nr. 1 a Si Mineur (HWV 386b)
Wolfgang Amadeus Mozart: Sinfonie Nr. 40, KV 550 (arr. Johann Nepomuk Hummel)
Interpreten:
Fruzsina Varga, Flütt
Marian Gaspar, Gei
Anik Schwall, Cello
Christoph König, Piano