Dräi russesch Komponisten exploréieren d'Dualitéit vum Mënscheliewen tëschent Schéinheet a Schicksalsschléi. E Concert vum OPL ënner der Baguette vum Jukka-Pekka Saraste. Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 31. Oktober 2025, deen den Opus am Grousse Sall vun der Philharmonie opgeholl huet. Dir kënnt e bis de 24. Dezember 2025 um Opus.Radio an eiser Mediathéik lauschteren.
Programm:
Igor Strawinsky (1882-1971): Chant funèbre, op.5
Dmitri Schostakovitsch (1906-1975): Concerto fir Gei an Orchester Nr. 1 a La mineur
Piotr Ilitch Tschaïkowski (1840-1893): Sinfonie Nr. 6 “Pathétique” a Si mineur
Interpreten:
Lëtzebuerger Philharmoniker
Jukka-Pekka Saraste, Direktioun
Leonidas Kavakos, Gei