En Instrument, dat bal ausgesäit wéi de Piano, an awer ganz anescht funktionéiert. Beim Cembalo ginn d'Säite gezupft an net geschloen. Zemools an der Zäit vum Barock war et héich beléift, ënner anerem beim Händel a Bach. De Bach steet och um Programm vun dësem Concert vum Cembalo-Duo mat der Anne-Catherine Bucher an dem Fons Van der Linden. Dir kënnt dëse Concert bis den 20. Januar 2025 an der Opus-Mediathéik lauschteren.
Programm:
- Johann Sebastian Bach (1685-1750): Concerto fir zwee Cembaloen an Do Majeur BWV 1061
- Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Fuge a Sol MIneur KV 401
- Gaspard le Roux (1670-1707): Allemande la Vauvert, Gavotte, Gigue
- Jean-Philippe Rameau (1683-1764) arr. B. Hartoin: Les Indes Galantes: Chaconne
- Luigi Boccherini (1743-1805) arr. F. Van der Linden: Fandango
Interpreten:
- Anne-Catherine Bucher & Fons Van der Linden, Cembalo