arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Eng (net) komplett Sinfonie

Eng (net) komplett Sinfonie

play_disabled

Ass dem Franz Schubert seng 8. Sinfonie, besser bekannt ënner dem Bäinumm "Die Unvollendete", dann elo wierklech "unvollendet"? Bis haut splécke sech do d'Meenungen, kee weess et esou richteg. Mee eppes ass kloer, de Schubert war der deemoleger 4-sätzeger Traditioun ganz no. Am Plausibelste bleiwe wuel d'Aussoen, datt hien d'Wierk entweder fir aner Opträg opginn huet oder déi aner zwee Sätz einfach bis haut verschwonne sinn. An iergendwou dréit grad dëse Mysterium ronderëm dat Stéck jo och bis haut e bëssen zu sengem Succès bäi.

Am Joer 1870, op Chrëschtdag Mueren, wollt de Richard Wagner seng Fra Cosima fir hire Gebuertsdag mat der Uropféierung vu sengem neiste Wierk "Siegfried Idyll" iwwerraschen. Kuerzerhand huet et e Kammerorchester am Trapenhaus vun hirer Villa fir d'Cosima gespillt: si ass vun den Orchesterkläng quasi aus dem Schlof erwächt ginn. An zu dëser immens romantescher Zeen passt dann och den Original Titel vum Wierk: "Tribschener Idyll mit Fidi-Vogelgesang und Orange-Sonnenaufgang, als Symphonischer Geburtstagsgruss. Seiner Cosima dargebracht von Ihrem Richard." Wat dëst alles bedeite soll, ënner anerem dat verréit Iech de Jeremy Ney an dësem Concert.


Franz Schubert (1797-1828):

• Sinfonie No. 8 a Si mineur, D. 759 ("Die Unvollendete")

Richard Wagner (1913-1883):

• Siegfried Idyll

Maurice Ravel (1875-1937):

• Tzigane

Interpreten:

• Henrik Naimark Meyers, Gei

• Swedish Radio Symphony Orchestra

• Maxim Emelyanychev, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

The Dream of Gerontius vum Edward Elgar

De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.

Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas

Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass

"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.

Dem Bach seng Meeschterwierker

De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.

D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025

"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.

Rencontre musicale

An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.

Fokus op dem Verdi säi Requiem

Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?

Galaconcert vum Geza Anda Concours

Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.

Romantesch Empfindlechkeet

Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.

Aus Nördlichen Gefilden

Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien

Bach meets Jazz mam Brad Mehldau

Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
play_disabled

Fusioun vu Vollekslidder a Klassik

Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
play_disabled

I got rhythm

Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
play_disabled

Chouermusek vu Monument bis Raritéit

Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra
play_disabled

E romantesche Potpourri mam Lang Lang

De Starpianist Lang Lang an d'Düsseldorfer Symphoniker mat engem Programm vu Mendelssohn bis Dvorák.
play_disabled

Mozart Forever - E Stéck Wien zu Bukarest

Fir d’Ouverture vum Magic Summer International Festival spillt de rumänesche Camerate regală e puer vum Mozart senge bekanntste Wierker.
play_disabled

Jonke Lëtzebuerger Quartett

De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.
play_disabled
Wagner’s Legacy | © Casa da Música/João Messias

Wagner’s Legacy

De Leopold Hager, dee 15 Joer Chefdirigent vum RTL Orchester war, feiert säin 90. Gebuertsdag mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
play_disabled

Staark Fraen am Livematschnëtt vu Stockholm

D'Geiistin Isabelle Faust am Alban Berg sengem Geieconcerto an déi bekanntesten däitsch Sinfonikerin, d'Emilie Mayer
play_disabled

Zweete Pianosconcerto vun der Albena Petrovic

Bulgaresch Musek aus dem 20. an 21. Joerhonnert mam Bulgareschen Nationale Radio-Symphonieorchester
play_disabled