Am Fong
Energiemonitoring mat Smart Homes Do it yourself
55 min
Wéi kann ee säi Stroum- oder Waasserverbrauch moossen?
Fir Energie kënnen ze spueren, muss ee fir d'éischt verstoen, wou Energie benotzt gëtt. Fir de Konsum ze moossen, gëtt vill op d'Konzept vum Smart Home oder Home Assistant gesat. Dofir brauch een da meeschtens deier Applikatiounen. Dobäi ginn et am Do-it-yourself-Beräich allerlee Adaptatiounen, fir Ressourcen ze spueren, ouni sophistiquéiert Informatikkenntnisser mussen ze hunn. Wien nämlech genee weess a versteet, wou Energie benotzt gëtt, kann erausfannen, wou et Sënn mécht ze spueren, a seng Besoinen iwwerdenken.
Wat bedeit de Begrëff Smart Homes a wéi funktionéiere Smart Homes?
Wéi kann ee säi Stroum- a Waasserverbrauch moossen?
Wat ginn et vun hausgemaachten Adaptatioune fir seng Ressourcen ze spueren?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann ass am Gespréich mat den Experten Olivier Koos a Lynn Bayer.