Am Fong
Wat stécht hanner Mobbing?
39 min
Mobbing ass e wäit verbreete Phenomeen, geschitt an der Schoul, op der Aarbecht, an der Koppel an an der Famill. Viru gutt zwou Woche si Videoe vun engem jonke Meedchen am Netz zirkuléiert, dat vun enger Grupp Jugendleche gemobbt gëtt. Et sinn Zeenen, déi erschrecken.
Fir d'Affer hannerléisst Mobbing séilesch Narben, déi dacks e Liewe laang unhalen. Wat sinn dat fir Konsequenzen? Wisou gëtt eng Persoun gemobbt? Wat sinn d'Beweeggrënn vun den Täter:innen? Wéi schwiereg ass et, sech géint d'Mobbinggrupp ze wennen an dotëschent ze goen a wou kann een als Affer Hëllef kréien?
De Gilbert Pregno ass Psycholog a Familljentherapeut. Zesumme mam Tessy Steffen Koenig kuckt hien hanner d'Psychologie vum Mobbing.