Am Fong
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
56 min
1993 war Lëtzebuerg mam Pop Duo Modern Times eng leschte Kéier beim Eurovision Song Contest derbäi an zanterhier ass et fäerdeg fir d'Lëtzebuerger ESC-Geschicht. Mee dat ka sech elo änneren, well e Méindeg huet RTL d'Aschreiwe fir Kandidature fir d'Selektioun vum Lëtzebuerger Song fir den ESC am Mee 2024 a Schweden lancéiert.
Invité beim Jean Claude Majerus am Studio ass den Eric Lehmann, dee sech bei RTL ëm déi Selektioun bekëmmert an doriwwer eraus e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest ass.