Am Fong
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
55 min
"D'Angscht gehéiert zu de Grondgefiller, déi mir brauche fir ze iwwerliewen," seet d'Psychologin Lisa Clees. D'Angscht wier och e Schutz, deen d'Mënsche vu geféierleche Situatiounen ewech hält. Am Laf vun de Jore léiere mir all mat eiser Angscht ëmzegoen a Kanner kucke sech vill vun hiren Elteren oder Bezuchspersounen of. "Kanner léieren um Modell".
An extreemen Angschtsituatioune reagéiere Mënschen op dräi verschidden Aart a Weisen:
Flucht
Aggressioun
Erstarrung
All Angscht ass reell, an als Erwuessener sollen d'Ängschte bei Kanner a Jugendlechen dowéinst och eescht geholl ginn, seet d'Psychologin Lisa Clees. "Da sinn d'Kanner iwwerfuerdert a fanne keng Léisung, wéi si mat hirer Angscht sollen ëmgoen."
Duerch Handele kann ee versichen, d'Angscht ze verréngeren. Wa Kanner zum Beispill Angscht virum Krich an der Ukrain hunn, kann et hëllefe Spenden ze sammelen andeems ee Kuch verkeeft oder Kleeder sammelt. Duerch dat aktiivt Handelen huet een d'Gefill, eppes dogéint ze maachen an d'Hoffnung net ze verléieren.