Am Fong
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
56 min
Am eegenen Haus al ginn, wa méiglech mat anere Persounen. Selbstänneg liewen an aktiv bleiwen och am Alter. Wat wéi en Dram kléngt ass fir d'Membere vun der Beienhaus ASBL Realitéit an heescht participatiivt Wunnen. Et handelt sech ëm ee Projet, wou Persounen d'Decisioun treffen net eleng oder an der Koppel an engem groussen Haus ze liewen, an och net an engem Alters- oder Fleegeheem ze wunnen.
E Wunnprojet fir Persounen, déi keng Betreiung brauchen an awer wëlle mat anere Persounen zesummeliewen, souzesoen an enger Communautéit. Dës Leit wunnen an hirem eegene privaten Espace a begéine sech a gemeinsame Raim.
D'Associatioun Beienhaus wëllt esou ee Wunnprojet opbauen a setzt sech dofir an, datt d'Iddi vum participative Wunnen eng legal Basis kritt.
Wat ass d'ASBL Beienhaus, wie sinn hir Memberen? Wouranner besteet d'Konzept vum participative Wunnen? Wat bedeit dat an der Ëmsetzung a punkto Bauen a fir Persounen, déi dra wunnen?
Am Fong geet dëse Froen op de Fongmat den Invitéen Astrid Lauterbach a Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an Anne Frostin a Patrick Chrétien, déi hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon deelen. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.