Am Fong
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
54 min
E Samschdeg huet déi 110. Editioun vum Tour de France ugefaangen, déi wuel bekanntsten a bedeitendst Vëloscourse op der Welt. De Grand Départ vum Tour 2023 grad wéi déi éischt Etappe waren déi Kéier a Spuenien. Den Tour de France 2023 dat sinn am Ganzen 21 Etappen mat der grousser Arrivée op de Champs Elysées zu Paräis den 21. Juli no ronn 3.404 Kilometer.
Et gi sécher ganz vill Vëlossportler, déi dovunner dreemen, op d'mannst eemol bei Tour de France derbäi ze sinn. Wéi war et, wann een als Profi bei der Tour de France selwer mat gefuer ass? Wéi eng Erënnerunge sinn engem am Kapp bliwwen? Wat ass d'Faszinatioun vun der Grande Boucle? A wéi gesäit een als fréiere Vëlosproffi d'Entwécklung vum Vëlossport an och vum Tour de France? Wéi grouss a wichteg ass déi aktuell Diskussioun iwwer d'Sécherheet? Huet sech d'Attitüd vun de jonke Coureure geännert?
Vill Froen, iwwer déi de Jean Claude Majerus mat sengem Invité schwätzt, dee fréiere Vëlosproffi Lucien Didier.