Am Fong
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
55 min
Lëtzebuerg wëllt Klima-neutral ginn. D'Zil vum nationale Klimaplang bis 2030 ass et d'Zäregas-Emissiounen ëm 55 Prozent par Rapport zu 2005 ze reduzéieren. No 2035 däerfe bannent der EU keng Autoe méi zougelooss ginn, déi CO2 ausstoussen. Dat gëllt och fir Lëtzebuerg. Am Transport bedeit dat gréisstméigleche Verzicht op motoriséiert Individualmobilitéit, deemno ass Elektromobilitéit een zentrale Bestanddeel vun engem nohaltegen a klimateschen Transportsystem op Basis vun erneierbaren Energien.
Experte si sech eens: e Schlësselberäich fir dat ze erreechen ass d'E-Mobilitéit. Fir se ze promouvéieren, bitt de Staat Subsiden. Et ginn ëmmer méi Elektroautoe verkaf, an d'Infrastruktur adaptéiert sech. Et stelle sech awer vill Froe ronderëm d'Elektromobilitéit:
Wat fir e Modell fir wat fir eng Reechwäit? Wéi ëmweltfrëndlech sinn Elektroautoe wierklech? Wouhier kënnt de Stroum fir E-Autoen ze lueden? Zu wat fir engem Präis? A ginn et eigentlech genuch Statiounen, fir engem Elektrofuerpark gerecht ze ginn?
Wärend d'Industrie sech dës Froe stellt, ass all eenzelen ënner eis mat engem gewëssen Ëmdenke konfrontéiert. Si mir prett dofir?
Am Fong geet dem Sujet op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Fenn Faber a Yann Trausch vun der Klima-Agence, an dem Lucien Reger, e ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit.