Am Fong
"Queesch duerch d'EU"
55 min
All Freideg huet d'EU 4U-Klass (en EU-Schüler-Programm, och nach Botschafterschoul genannt) gekacht an hausmaacher Spezialitéiten opgedëscht: Cevapcici, Wiener Schnitzel, Kniddele mat Speck, slowenesche Struklji, schweedesch Fëschzopp: elauter Spezialitéiten, déi et bannent der EU ginn. "Queesch duerch d'EU" ass dann och den Titel vum Kachbuch.
Dat kënnt den 30. Juni offiziell op Lëtzebuergesch an Englesch eraus an ass vun enger BTS Studentin illustréiert.
Am Fong bliedert duerch d'Rezepter a geet der Fro op de Fong, wat d'BTS Klass iwwer dem Kachen alles iwwer d'EU geléiert huet.
Am Studio ass de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS Studentin, déi den Design a Layout kreéiert huet, an d'Enseignante Sabrina Olivieri, déi d'Klass suivéiert huet.
D'Natasha féiert duerch d'Gespréich.