Am Fong
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
55 min
Viru Kuerzem war d'Assemblée genérale vum Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois, eng Generalversammlung, déi e wichtegen Ament fir de Beruff vum Apdikter an der Apdiktesch war. Well den Aptikter-Syndicat huet sech an de leschte Méint vill Gedanke gemaach, wéi d'Zukunft vun hirem Beruff soll a kann ausgesinn.
Am Kader vun der Generalversammlung koumen den Apdikteren hir Iwwerleeungen a Form vun engem Wäissbuch op den Dësch. Dëse Livre blanc, mam Titel "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg" soll kloer Perspektive weisen, wat eng Apdikt an Zukunft soll heeschen.
Wat waren, sinn a ginn d'Missioune vum Apdikter an Zukunft? Wéi eng Positioun huet a kritt d'Apdikt am Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg? Wien a wat ass de Syndicat des pharmaciens a wat ass säi Rôle? Interessant ass och gewuer ze ginn, wat den Apdikterberuff fir e Beruff ass, wéi eng Studien ee maache muss? Ass Apdikter gläich Apdikter oder ginn et do verschidden Approchen?
Invitée an der Emissioun ass d'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum Conseil d'Administratioun vum Apdikter-Syndicat.
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.