Am Fong
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
55 min
Dat ganz lescht Joerhonnert gouf vill iwwer Kannerrechter nogeduecht, an et ass vill geschitt. Wa Kanner deels hu misse schaffe goen amplaz an d'Schoul, ass dat haut bei eis net méi virstellbar. Dat ass nëmmen ee Beispill, datt sech d'Siicht vun der Gesellschaft op d'Kanner an déi Jonk vill geännert huet.
Bedéngt doduercher, datt 1993 zu Lëtzebuerg d'Kannerrechtskonventioun a Kraaft getrueden ass. An der Konventioun stipuléiert den Artikel 12 Folgendes:
All Kand huet Recht op seng Meenung, a jiddwer Situatioun, och an enger administrativer oder geriichtlecher Prozedur, déi et betrëfft, selwer oder duerch een anere gehéiert an eescht geholl ze ginn.
Kanner hunn e Recht op hir Meenung, si däerfe sech fräi äusseren a musse vun den Erwuessene gehéiert an eescht geholl ginn - si hunn e Recht op Participatioun an der Gesellschaft, e Recht op beschtméiglech Bildung, an d'Recht op Zougang zu Informatioun, déi si verstoe kënnen, fir just dës ze nennen.
An de leschte Joren huet d'Politik sech enormen Erausfuerderunge misse stellen. De Krich an Ukrain a laang unhalend Krisen - wéi d'Klimakris - menacéieren d'Liewen an d'Zukunft vun de Kanner. Iwwerall op der Welt, mee och hei am Land.
D'Covid-19-Pandemie huet existent Ongläichheeten accentuéiert.
Grad an engem Superwaljoer geet et och ëm d'Zukunft vu Kanner a Jonker. Obwuel si ganzer 19 Prozent vun der Bevëlkerung ausmaachen, kënne si awer nach net wielen.
D'Unicef setzt sech dofir an, datt hir Meenung an de Walprogrammer, bei de Walen a bei de Regierungsentscheedunge respektéiert gëtt. Iwwer d'Campagne "Gëff hinnen eng Stëmm - Wiel fir all Kand", huet Unicef Lëtzebuerg fir déi nächst Legislaturperiod néng Prioritéite fir e kannerfrëndlecht a kandgerecht Lëtzebuerg gesat. An engem Manifest huet d'Unicef Recommandatiounen un déi politesch Parteien formuléiert.
Wat sinn déi néng Punkten? Wat sinn engersäits d'Constaten an anerersäits d'Revendicatiounen?
Am Fong geet de Froen op de Fong mam Invité Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.