Am Fong
Inclusioun um Aarbechtsmarché
55 min
Zu enger gudder Inclusioun gehéiert och eng gutt Aarbecht ze hunn an um éischten Aarbechtsmaart däerfen aktiv ze sinn. Dofir setzt den OGBL sech an, iwwer den Département des Travailleurs Handicapés (DTH), dee grad 20 Joer feiert.
Och wa sech bannent där Zäit a Saachen Inclusioun um Aarbechtsmaart vill gedoen huet, bleift nach vill ze maachen. Zum Beispill um Niveau vun den Infrastrukturen. Et gëtt ëmmer nach net behënnertegerecht gebaut. Persounen, déi mat enger Behënnerung liewen, hu keen Accès zu verschidde Plazen a kënnen deemno net envisagéieren do ze schaffen. Aner Bremsen a Saachen Inclusioun sinn den Transport oder Formatiounen. De Joël Delvaux ass fir den DTH zoustänneg a lieft am Rollstull.
Wat fir eng Problemer an Erausfuerderunge begéinen him am Alldag?
Wat feelt, fir datt Lëtzebuerg richteg Inklusiv ass, apaart an der Aarbechtswelt?
Wisou ass et wichteg, datt Mënschen, déi mat enger Behënnerung liewen, Deel vum Aarbechtsmarché sinn?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. De Sascha Lang a Joël Delvaux schwätzen zum Theema. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.