Am Fong
De Musekssecteur organiséiert sech
56 min
De Musekssecteur zu Lëtzebuerg ass amgaang sech ze professionaliséieren. Eng richteg "Industrie", wéi an den Nopeschlänner, existéiert zu Lëtzebuerg net. Awer eng ganz Rëtsch Acteuren aus ënnerschiddleche Beräicher hu viru Kuerzem d'Alliance Musicale gegrënnt - eng Zort Daachverband fir Professioneller aus dem Museksberäich.
Concertssäll, Festivallen, Interpreten, Createuren, an aner Museksberuffer di sech zesummen. Am Virfeld vun den Nationalwale stelle si hir Revendicatiounen un d'Politik. Wat muss sech zu Lëtzebuerg änneren, fir datt méi Leit vun a mat der Musek kënnen hiert Brout verdéngen? Wat sinn d'Challengen am Alldag vun de Professionellen? An ass dat zu Lëtzebuerg iwwerhaapt méiglech?
Den Yves Stephany am Gespréich mam Carl Adalsteinsson, Luka Heindrichs, Florence Martin an Damiano Picci vun der Alliance Musicale.