Am Fong
Hännwäsche rett Liewen
55 min
De 5. Mee war Weltdag vun der Hygiène vun den Hänn. Mee och dat ganzt Joer iwwer sensibiliséiert d'Weltgesondheetsorganisatioun op d'Wichtegkeet vum Hänn wäschen.
D'Journée steet all Joers ënner engem Motto aus dem Beräich vum Gesondheetswiesen. 2023 ass dat: "Rett Liewen - wäscht Är Hänn"
Domadder steet d'Hygiène duerch Desinfektioun am Fokus, steril Objeten an d'Optimiséierung vun den Aarbechtsschrëtt bei chirurgeschen Agrëffer, alles am Sënn vun der Protektioun vum Patient.
Zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt den CHNP (Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique au Luxembourg) aktiv d'Messagen vun der WHO an huet dëst Joer rappelléiert, datt Hännwäschen dozou bäidréit Infektiounen ze reduzéieren a Liewen ze retten. Jiddwereen dréit Millioune Keimen op sengen Hänn.
Déi meescht sinn harmlos, awer e puer kënne geféierlech sinn. Wann, zum Beispill, d'Hänn vun de Soignanten net desinfizéiert ginn éier si Patienten oder Residenten traitéieren, kënnen pathogen Mikroben iwwerdroe ginn an domadder Infektiounen entstoen, déi mat de Soinen associéiert sinn.
Deemno bleift Hännwäschen déi effikassten a bëllegst Léisung fir Infektiounen ze bekämpfen. A wann ee bakteriell Infektiounen dréckt, brauch een och manner Antibioticken.
Am Fong mécht de Point mat zwou Infirmièren aus dem Infektiounspreventioun an Infektiounskontroll-Beräich, der Tina Koch an der Françoise Schmitt aus dem CHNP.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.