Am Fong
Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"
54 min
D'Bezéiung tëscht Geschwëster ass immens ambivalent, seet d'Nora Van Daele vun der Eltereschoul. Si ass Sozialpedagogin a systemesch Elterecoach. Mat Geschwëster léiert een ze streiden a sech nees ze verdroen. D'Streidereie sinn immens éierlech an ouni Filter.
Kënnt e Geschwësterchen an d'Famill, ännert sech d'Familliekonstellatioun. D'Nora Van Daele gëtt d'Beispill vun engem Mobilé. All Familliemember huet seng Positioun. Eng éischte Kéier un d'Wackele kënnt dëse Mobilé mat der Gebuert vum éischte Kand. Lues a lues pendelt sech dee Mobilé nees an a fënnt säi Gläichgewiicht. Wann dann en zweet Kand ënnerwee ass an an d'Famill kënnt, geréit de Mobilé nees a Beweegung.
D'Schwangerschaft an och d'Gebuert vun engem zweete Kand kënne ganz ënnerschiddlech Gefiller bei deem éischtgebuerene Kand ausléisen, seet d'Nora Van Daele. "Esou ënnerschiddlech ewéi eis Kanner sinn, esou ënnerschiddlech sinn och hir Reaktiounen a Gefiller."
Wéi kann een d'Kanner op d'Gebuert vun engem neie Familljemember präparéieren, wéi schwätzt ee mat hinnen iwwer d'Schwangerschaft an d'Gebuert a wat, wann et vill Jalousie tëscht de Geschwëster gëtt? Doriwwer geet rieds mat der Nora Van Daele vun der Eltereschoul.
Bicher, déi d'Eltereschoul recommandéiert:
Lauren Child - Bleibt der jetzt für immer?
Ulf Stark - Meine kleine Schwester
Christine Kaniak-Urban - Wenn Geschwister streiten
Nicola Schmidt - Geschwister als Team
Isabelle Filliozat - Frères et soeurs