Am Fong
Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch
56 min
De Yannick Kieffer ass Historiker an Archivist am neien Département du Patrimoine Historique et Industriel vun den Escher Archiven, dat am Mäerz dëst Joer gegrënnt ginn ass. D'Bevëlkerung ass opgeruff al a rezent Fotoen, souwéi aner historesch Dokumenter op der Escher Gemeng laanscht ze bréngen an aktiv um Archiv matzeschaffen. Donieft soll en Internetsite ageriicht ginn, op deem Recherchë kënne publizéiert ginn, d'Bevëlkerung an engem Forum kann diskutéieren a privat Contributioune bereet kënne gestallt ginn.
Fir den Archivist an Historiker Yannick Kieffer ass et immens spannend un dësem Prozess kënnen deelzehuelen. Hie selwer ass faszinéiert vun der Vergaangenheet vun Esch/Uelzecht a freet sech op dat neit Gebai an deem där räicher Geschicht vun der Minettmetropol an Zukunft Rechnung gedroe wäert ginn.