Am Fong
Täuschend Echt - Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg
55 min
Mat iwwer 30.000 bekannten Aarte sinn Orchideeën déi zweetgréisst Famill vu Planzen op der Welt. Zu Lëtzebuerg sinn eng ronn 46 Aarten rezenséiert. Orchideeë si resilient Planzen. Déi eng kënnen am däischterste Bësch bal ouni Luucht iwwerliewen, anerer erdroen déi extreem Dréchent a staarkt Sonneliicht op dréchene Wisen, anerer kënnen a fiichten oder souguer suppege Wisen iwwerliewen.
Orchideeë si Meeschter vun der Täuschung a lackelen hir Bestëbser mat falsche Pretexter un, fir datt si hir Pollen als ganze Pak vun enger Bléi bei déi nächst transportéieren. "Täuschend Echt" ass dann och den Numm vun der Ausstellung, déi am natur musée der Orchidee dediéiert ass an de 26. Mee fir de Public opgeet. Vun Geeschterorchideeë bis zu Pilzsymbiosen invitéiert den natur musée op eng Exploratiounskrees bannent der Welt vun der Orchideeën hei am Land.
Am Fong mécht am Virfeld eng Visitt mam Botaniker a Curateur vun der Ausstellung, fir erauszefannen, wat Orchideeën esou eegenaarteg an apaart mécht.
D'Natasha Ehrmann ass äre Guide.