Am Fong
Take Off - Science Challenge Show
55 min
"Take Off Challenging Show" ass den Numm vun enger fuschneier Talent Show. Eng méisproocheg Show, där hire pedagogeschen Usaz kritescht Denken, Kommunikatioun an Teamgeescht sinn. E gemeinsame Projet vum Fonds National de la Recherche an der André Losch Fondatioun. E Multimediaprogramm um Internet an op der Tëlee.
Eng ganz nei Show, déi sech un enger Emissioun aus Estland inspiréiert an elo op Lëtzebuerg kënnt. De Prinzip ass dee nämmlechte wéi bei aneren Talent-Showen, just datt d'Kandidate bei "Take Off" net sange mussen, hir Aufgab besteet doranner, elauter Wëssenschafts-Challengen ze léisen.
But vum Projet ass et, Jonker a Famillen zu Lëtzebuerg, fir d'Wëssenschaft ze begeeschteren, iwwerdeems si sech mat jonke Virbiller identifizéieren. Doriwwer eraus steet dat Material och dem Enseignement zur Verfügung. Mat der Produktioun vu Videoe fir Schoulen, engem Experimentéierset fir de SCRIPT, oder och soss Outilen, déi d'Léierpersonal kann an hire Klassen asetzen.
Jonk Persounen tëschent 15 an 21 Joer kënne sech nach fir de Casting umellen. D'Moderatioun vun der Show iwwerhuelen d'Lucie Zeches an de Joseph Rodesch vum Fonds National de la Recherche, dem FNR.
Mat villen Initiative setzt den FNR sech staark fir d'Sensibiliséierung an d'Promotioun vun der Wëssenschaft an. D'André Losch Foundatioun ënnerstëtzt Initiativen, déi jonke Leit dediéiert sinn, Projeten, déi kritescht Denken encouragéieren, besonnesch duerch wëssenschaftlecht Léieren.
Déi Jonk zu Lëtzebuerg entscheede sech net genuch fir e wëssenschaftleche Parcours. Dat obwuel den aktuellen an zukünftegen Aarbechtsmaart wëssenschaftlech-orientéiert Profiller brauch. D'Wëssenschaft gehéiert zu eisem Alldag, ouni datt mir eis däers onbedéngt bewosst sinn. Et kann am Ufank beängschtegend schéngen, awer d'Wëssenschaft ass faszinéierend, spannend an zougänglech fir jiddwereen. D'Wëssenschaft geet net nëmmen ëm rengt Wëssen, mee och ëm eng gutt Portioun Logik, Kreativitéit, Courage an Teamgeescht. De Projet soll och d'Bild vun de jonke Leit an der Gesellschaft verbesseren. E wëllt deemno déi Jonk, déi d'Diversitéit vu Lëtzebuerg duerstellen, an de Vierdergrond bréngen, hir Talenter an hiert Potenzial. D'Format gouf fir d'éischte Kéier Enn Abrëll op der Yep Schoulfoire getest.
Wéi eng spannend Challengen erwaarden d'Kandidaten? Wien däerf matmaachen? Wat kann ee gewannen? Wat stécht hanner der Begeeschterung fir d'Wëssenschaft? Wat ass um pedagogesche Plang Wëssenswäertes zeréckzebehalen?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat den zwee Wëssenschafts-Kommunikatore Lucie Zeches a Joseph Rodesch vum Fonds National de la Recherche, FNR.
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)