Radioen

On air

E-Lodie  |  The Corrupting Sea - Ontos VII Nature

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

Hiren Dram Autorin ze ginn huet d'Isabelle Marinov sech mat vill Duerchsetzungsverméigen an Disziplin verwierklecht.
headphones

57 min

play_arrow
Dr Germain Wagner: "Resilienz ass e schéint Wuert"

Dr Germain Wagner: "Resilienz ass e schéint Wuert"

De Germain Wagner ass 1960 zu Déifferdeng gebuer, wousst fréi am Liewen, datt hien Dokter wéilt ginn. Rezent huet hien ee Buch publizéiert "A Bas Bruit".
headphones

52 min

play_arrow
Rosalie Maes: "Eng Theaterfamill"

Rosalie Maes: "Eng Theaterfamill"

D'Actrice an Enseignante erzielt, wéi et ass, an enger Kënschtlerfamill grouss ze ginn.
headphones

51 min

play_arrow
Mathieu Schiltz

Mathieu Schiltz

E Mënsch, dee laang an der Mongolei an a China gelieft huet a sech mat de Kultur, der Philosophie an dem Liewen auserneegesat huet.
headphones

53 min

play_arrow
Franz Schilling: "Droit en Interessi - Musek eng Passioun"

Franz Schilling: "Droit en Interessi - Musek eng Passioun"

De Bassbariton huet Droit zu Montpellier, Tromsö a Leiden studéiert an ass aktuell Student am Gesang um Mozarteum zu Salzburg.
headphones

55 min

play_arrow
C'est Karma: "Musek an Engagement"

C'est Karma: "Musek an Engagement"

Hanner dem musikalesche Projet stécht déi engagéiert jonk Musekerin, Karma Catena. Si ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Mathieu Schiltz

Mathieu Schiltz

E Mënsch, dee laang an der Mongolei an a China gelieft huet a sech mat de Kultur, der Philosophie an dem Liewen auserneegesat huet.
headphones

53 min

play_arrow
Donato Rotunno: "Et ass e laange Wee fir sech ze fannen"

Donato Rotunno: "Et ass e laange Wee fir sech ze fannen"

De Produzent, Realisateur an Zeenarist fir Documentairen a Fiktiounsfilmer kuckt op eng Karriär vu 27 Joer zeréck.
headphones

45 min

play_arrow
Henri Juda: "E Liewen an der Erënnerung"

Henri Juda: "E Liewen an der Erënnerung"

1947 zu Iechternach gebuer, an enger Famill, déi den Holocaust erlieft huet. Haut verzielt hie seng Familljegeschicht, fir datt d'Geschicht sech net widderhëlt.
headphones

48 min

play_arrow
Damien Klein: "E Plat muss schmaachen"

Damien Klein: "E Plat muss schmaachen"

De Bocuse Finalist zielt zu de beschten 25 Käch an Europa.
headphones

55 min

play_arrow
Noémie Sunnen: "Opginn ass keng Optioun fir mech"

Noémie Sunnen: "Opginn ass keng Optioun fir mech"

Um Rare Disease Day, op deem u Mënsche mat enger rarer Krankheet geduecht gëtt, ass eng Fra Invitée, déi zanter aacht Joer ALS, esou eng rar Krankheet, huet.
headphones

56 min

play_arrow
Steven Pitman: "En Hommage un den Elvis Presley"

Steven Pitman: "En Hommage un den Elvis Presley"

Duerch d'Sangen an duerch seng Optrëtter bitt den Elvis-Presley-Double dem Public e groussen Hommage un ee vun de gréissten Kënschtler vun allen Zäiten.
headphones

56 min

play_arrow
Bernard Baumgarten: "Wat ech mir an de Kapp gesat hunn, ..."

Bernard Baumgarten: "Wat ech mir an de Kapp gesat hunn, ..."

Den aktuellen Directeur artistique vum Trois-CL huet den Danz zu Lëtzebuerg an de leschten zwanzeg Joer mat aneren nohalteg markéiert.
headphones

56 min

play_arrow
C'est Karma: "Musek an Engagement"

C'est Karma: "Musek an Engagement"

Hanner dem musikalesche Projet stécht déi engagéiert jonk Musekerin, Karma Catena. Si ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Salima Ben Guigui: "Ech wollt e Museksinstrument, fir ze zupfen"

Salima Ben Guigui: "Ech wollt e Museksinstrument, fir ze zupfen"

D'Mandolonistin, Museksenseignante a Pole Dänzerin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Yuki: Op de Buedem vun den Tatsaachen zeréck"

Yuki: Op de Buedem vun den Tatsaachen zeréck"

Sujet um Internationale Fraendag ass d'Feminiséierung vun der Aarmut. Invitée ass eng Fra, déi an enger sougenannter prekärer Situatioun lieft an doriwwer temoignéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Gilles Pegel: "Ech maache ganz vill Näischt"

Gilles Pegel: "Ech maache ganz vill Näischt"

De Jean Claude Majerus schwätzt mat sengem Invité iwwer d'Liewen als fräischaffende Kënschtler.
headphones

57 min

play_arrow
Damien Klein: "E Plat muss schmaachen"

Damien Klein: "E Plat muss schmaachen"

De Bocuse Finalist zielt zu de beschten 25 Käch an Europa.
headphones

55 min

play_arrow
Mehdi Magha: "Vulnerabele Persounen hëllefen"

Mehdi Magha: "Vulnerabele Persounen hëllefen"

Den Direkter vun Handicap International, dee seng Decisioun humanitär Aarbecht ze leeschten aus der Iwwerzeegung mécht, vulnerabele Persounen ze hëllefen.