Radioen

On air

E-Lodie  |  Metric System 1981 - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ C'est Karma: "Musek an Engagement"

C'est Karma: "Musek an Engagement"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Karma Catena gehéiert zur sougenannter Generatioun Z an hëlt hir musikalesch Inspiratioun aus der Realitéit, aus dem alldeegleche Liewen. Donieft dréckt si sech iwwer hire Blog reegelméisseg aus zu diverse Sujeten.

Hanner hirem musikalesche Projet stécht eng Zort Dokumentatioun vun hirer perséinlecher Evolutioun als Artistin, mee awer och als Persoun.

Si ass zu Lëtzebuerg gebuer, huet portugisesch Wuerzelen. Hir Grousseltere sinn deemools vun enger autoritärer Diktatur fortgelaf, ënner dem Regimm vum António de Oliveira Salazar voller Ongewëssheet wat hiert neit Liewen hinne bidde géif. Iwwerdeems si hu misste Sacrificë maachen. Dat war Enn de 1960er Joren. D'Geschicht vun hire Wuerzelen huet si an engem Song thematiséiert: "Industrial Salt".

Nieft Migratioun interesséieren aner Theemen déi jonk Artistin, déi alleguerten hir Texter selwer schreift, och Diskriminatioun, Klimaschutz a Wandel, europäesch Wäerter a si ass iwwerzeegte Feministin. Deemno beschäftegt d'Roll vun der Fra an der Museksbranche si och besonnesch. Als Aktivistin geet si op Demoen.

Loscht Saachen ze beweegen

Hir neiste Single, Bubblegum, ass ee Song iwwer Frëndschaft, méi genee iwwer dem Karma Catena säi Lien zum Ada, senger beschter Frëndin.



C'est Karma huet Loscht Saachen ze soen an ze beweegen, si mécht et iwwer hir Stëmm a Fieder. Déi 20 Joer al Sängerin ass eng engagéiert Feministin an huet op hirem Blog fir de Weltfraendag d'Fro gestalt, wat et bedeit an dëse Krisenzäiten - bedéngt duerch Krich an d'Klima Kris, Fra ze sinn.

"Farbfilm" als "Amuse Bouche"

C'est Karma huet elo, ee Joer nom Release vun der leschter EP "Farbfilm", eng nei Single erausbruecht, "Bubblegum".



Do séngt d'Kënschtlerin vun enger ganz gudder Frëndschaft. D'Sängerin seet, datt dës Frëndschaft immens stabil a gutt bliwwen ass, obwuel ee sech duerch d'Joren op perséinlech Saache fokusséiert huet a souguer a verschiddene Länner gewunnt huet. Trotzdeem géif ee sech nach dacks am Joer erëm gesinn an et wier allkéiers, wéi wa keng Zäit dertëschent vergaange wier.

Mat dëser Single kënnegt d'Musekerin dann och hir nächst EP "Amuse Bouche" un, déi am Mee 2022 soll erauskommen. Eng, wéi si seet, eklektesch awer poppeg EP.

All Song geet iwwer eng Metapher vun Iessen a Gedrénks. Nieft dem Sujet Iessen, beschäftegt C'est Karma sech mam Theema Erwuesse ginn.

Musek
Politik a Gesellschaft

Episoden

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow

Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sean Grethen

Sean Grethen

D'Passioun Aarmdrécken
headphones

55 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"

Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Jean-Paul Raths

De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
headphones

55 min

play_arrow

Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow