Sot emol
Franz Schilling: "Droit en Interessi - Musek eng Passioun"
55 min
De Franz Schilling huet zu Montpellier, Tromsö an Norwegen an zu Leiden an Holland Droit studéiert. Mee iwwerall awer och niewebäi seng Gesangsformatioun op de respektive Conservatoirë weidergeféiert. De Franz Schilling huet scho mat sechs Joer ugefaange bei de Pueri Cantores ze sangen, an och nach Gei an Uergel gespillt. Mee besonnesch de Gesang huet him et ugedoen an aktuell studéiert hien déi Passioun um Mozarteum zu Salzburg beim Christoph Strehl.
Datt de Franz Schilling Droit studéiert huet, koum éischter dohier, datt hien, wéi esou vill aner no der Première net wosst, wat maachen. Den Interessi um Droit ass mat der Zäit ëmmer méi gewuess. Hien huet ënner anerem Droit maritime a Space Law gemaach. Mee seng Passioun ass awer de Gesang bliwwen a genee dee Gesang ass och an de Mëttelpunkt vu sengem Liewe geréckelt. Fir de Franz Schilling muss awer d'Begeeschterung fir d'Sangen ëmmer déi wichtegst Approche bleiwen. Et kann een op eng Karriär hischaffen, seet de Franz Schilling, mee d'Freed an d'Zefriddenheet soll awer ëmmer am Fokus stoen.
De Jean Claude Maherus féiert duerch d'Gespréich.