Sot emol
Donato Rotunno: "Et ass e laange Wee fir sech ze fannen"
45 min
De Produzent, Realisateur an Zeenarist fir Documentairen a Fiktiounsfilmer ass 1966 zu Lëtzebuerg gebuer, vun italieeneschen Elteren, déi an den 1960er Joren op Lëtzebuerg emigréiert si fir ze schaffen. Den Donato Rotunno ass zu Lëtzebuerg an d'Europaschoul gaangen, iert hien zu Louvain-la-Neuve um Institut des Arts de Diffusion säin Diplom kritt huet.
Seng Karriär als Regisseur huet direkt duerno ugefaangen: Den Donato Rotunno huet Tarantula kogegrënnt a sech virop fir op Lëtzebuerg bezunnen Theemen interesséiert - méi spezifesch Immigratioun, d'Fro vun der Roll vun der Politik, multikulturell Gesellschaften an de Lien tëschent der zäitgenëssescher Konscht an dem Film. Säin éischte Fiktiounsfilm "In a Dark Place" huet 2007 de Präis fir déi bescht artistesch Kontributioun um Lëtzebuerger Filmpräis gewonnen. 2021 war e gutt Joer fir de Produzent, dee mat "Deux" ee César krut.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.